
Bei der Familljepolitik leet d’Partei ee grousse wäert op d’Kanner, well eng Gesellschaft, déi bei de Kanner spuert, spuert bei der eegener Zukunft, esou déi Gréng.
Dofir proposéiert d’Partei eng “Kanner-Grondsécherung”, déi an zwee Elementer opgedeelt ass. Enger Säit een universelle Basis-Grondbetrag, dee sech um aktuelle Kannergeld orientéiert. Jee nom Akommes a Stot géif nach een zousätzleche Betrag bezuelt ginn. Déi Gréng wëllen dofir “ee Guichet unique en Place sëtzen, fir dass d’Léit all hir Aiden an Demanden op enger Plaz regroupéiert hunn”, esou d’Parteipresidentin Djuna Bernard. “Dëst ass och, fir dass am generelle manner Demandë gemaach musse ginn. D’Digitaliséiere bitt enormt Potential fir de Leit dat Ganzt ze vereinfachen a méi accessibel ze maachen.” Fir déi Garantie soll keng supplementar Demande Noutwenneg sinn.
De Congé Parental, dee bis zu sechs Méint ka goen, geet der Partei net duer. Dofir proposéieren déi Gréng an hirem Walprogramm eng reduzéiert Schaffzäit fir Elteren, esou déi Gréng Spëtzekandidatin Sam Tanson. “Eltere mat klengen Kanner sollen och nom Congé Parental nach kënnen vun 20 bis 30% u reduzéierter Schaffzäit profitéieren, fir méi Zäit mat deenen Klengen ze verbréngen. Dëst soll och nach eng Kéier vum Staat finanziell ënnerstëtzt ginn. D’Zil ass, dass déi kleng Kanner méi Presenz vun den Elteren hunn a manner Ausenbetreihung hunn.”