
Géint 16.40 Auer war zu Rolleng an der Avenue de l’Europe en Auto an de Gruef gefuer. Fënnef Persoune goufen hei blesséiert. D’Ambulanzen aus den Asazzentere Péiteng, Suessem-Déifferdeng an Esch, grad ewéi d’Pompjeeë vu Péiteng a Käerjeng waren am Asaz.
Um 18.12 Auer hate sech zu Leideleng an der Rue Leon Laval zwee Autoen ze pake kritt. Hei goufen zwou Persoune blesséiert. D’Ambulanz an de Samu aus der Stad an d’Pompjeeën aus der Stad a vu Leideleng waren op der Plaz.
Jeeweils ee Blesséierte gouf et dann, wéi sech géint 19.10 Auer op der N7 a kuerz virun 20 Auer zu Miersch zwee Autoen ze pake kruten.
E Mëttwoch de Moie sinn op der A3 Direktioun Stad beim Beetebuerger Kräiz dräi Gefierer accidentéiert. Eng Persoun gouf verwonnt.
Ee gréisseren Asaz fir d’Rettungsdéngschter gouf et dann, wéi kuerz virun 23 Auer e Feier an engem Gebai vum Benu Village an der Rue d’Audun zu Esch-Uelzecht ausgebrach war. D’ fräiwëlleg Pompjeeë vun Esch, Monnerech, Keel, Suessem-Déifferdeng, Péiteng, Beetebuerg, Réiser, aus der Stad, vun Dippech a vu Rëmeleng an d’Beruffspompjeeë vun der Stad Lëtzebuerg waren am Asaz, fir d’Feier ze läschen. Et blouf beim Materialschued.
D’Police sicht elo an deem Kontext no Zeien. Wien eppes Verdächteges gesinn oder soss relevant Informatiounen huet, ass gebieden, sech beim Policekommissariat vun Esch ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 50 1000 oder via Mail.
Iwwerdeems deelt d’Police mat, dass nieft der d’Rue d’Audun och d’Rue Boulevard Prince Henri tëscht der Kräizung mat der Rue Zénon Bernard an der Kräizung mat der Rue Nelson Mandela, viraussiichtlech bis e Mëttwoch am Nomëtteg fir den Trafic gespaart bleiwen.

Scho géint 19.30 Auer war et zu Wuelmereng hannert der franséischer Grenz zu engem Kamäibrand komm. Hei goufen d’Pompjeeë vun Diddeleng an den Asaz geruff.