VIDEO: Groussbrand zu BidschtFeier an enger Lagerhal, Läschaarbechten sinn eriwwer

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg um 2.19 Auer ass de CGDIS wéinst engem grousse Feier am Norde vum Land alarméiert ginn.
Groussbrand zu Bidscht
An der Nuecht op e Sonndeg um 2.19 Auer ass de CGDIS wéinst engem grousse Feier am Norde vum Land alarméiert ginn.

Wéi déi éischt Pompjeeën zu Bidscht op der Plaz ukomm sinn, stoung en Depot a Flamen. An der Hal stoungen deen Ament nach Gefierer an et louch och Holz do, fir ze hëtzen.

E puer Ween konnten nach aus der Hal geholl ginn, gläichzäiteg hunn d'Läschaarbechten ugefaangen.

5 Zentre sinn op d'Plaz geschéckt ginn an eng Kommandozentral ("Centre de Gestion des opérations") gouf ageriicht.

Géint 3.30 Auer waren d'Flamen ënner Kontroll, ma d'Läschaarbechten dierften nach bis an de Sonndeg de Moien eran daueren.

© Olidom Multimedia

Op d'Plaz bruecht gi waren och e spezielle Ventilator (MGV, ventilateur grand-débit), en Otemschutz (GW-A, protection respiratoire), e Kommandoposten (ELW, poste de commandement) an zwou extra Leederen (DLK, échelle pivotante automatique).

Eng Ambulanz war am Stand-by. Blesséierter goufen et keng.

Dës Pompjeescorpse waren am Asaz: Géisdref mat ronn 70 Leit, Alebësch, Wolz, Esch/Sauer, Ettelbréck, Klierf, Stauséi a Wäisswampech.
D'Pompjeeë vu Kiischpelt waren um 16.20 Auer e Sonndeg de Mëtteg nach ëmmer um Brand, fir d'Iwwerwaachung a kleng Brandnäschter nozeläschen. Mëttlerweil ass de Brand komplett geläscht, esou de CGDIS e Sonndeg den Owend.

FOTOGALERIE: Andréck vun der Plaz vum CGDIS a vun Olidom Multimedia.

Back to Top
CIM LOGO