
Ugefaangen am fréien Nomëtteg zu Beetebuerg: Hei gouf e Mann gemellt, deen an engem Buttek versicht hätt, Alkoholfläschen a Kleeder ze klauen. Hie gouf vun engem Sécherheetsmann dobäi erwëscht, eng Patrull vun der Police ass dunn op d’Plaz komm a konnt hie mat weideren Déifställ a Verbindung bréngen. Op Uerder vum Parquet gouf hie festgeholl a koum en Donneschdeg virun den Untersuchungsriichter.
Méi spéit sinn der Police zwee Männer gemellt ginn, déi an der Rue de Pulvermuhl am Pafendall versicht hätten, eng Baumschinn op engem Chantier ze klauen. Ee vun den zwee Verdächtege konnt vun der Police nach op der Plaz gestallt ginn, déi geklaut Maschinn gouf séchergestallt. Och hei gouf de Mann op Uerder vum Parquet festgeholl an en Donneschdeg dem Untersuchungsriichter virgefouert.
Am spéiden Owend dann eng Course-poursuite op der A6. D’Police krut vun hire belsche Kolleegen e Gefier gemellt, dat sech an der Belsch enger Kontroll entzunn hätt an iwwer d’A6 a Richtung Lëtzebuerg geflücht wier. De flüchtegen Automobilist ass bei dëser Verfollegungsjuegd géint en anert Gefier gerannt, ouni awer datt de Chauffer vun dësem blesséiert gouf. De Verdächtege gouf schliisslech op der A3 gestoppt, en Drogentest ass positiv ausgefall an et goufen och Drogen a sengem Gefier fonnt. Dës, wéi och säin Auto goufe beschlagnaamt an de Mann op Uerder vum Parquet festgeholl. Och hie koum en Donneschdeg virun den Untersuchungsriichter.