
Nodeem d'lescht Joer en ambitiéise Plang fir méi Investitiounen an d'Verdeedegung opgestallt gouf, géing et elo drëms goen, dës finanziell Engagementer a konkret militäresch Fäegkeeten ëmzesetzen, fir d'Sécherheet vun de Bierger ze garantéieren an de Fridden ze erhalen. Lëtzebuerg huet säi fest Bekenntnis zur NATO, zur kollektiver Verdeedegung an zum Prinzip vun der Stäerkt duerch Zesummenhalt nach eng Kéier ënnerstrach.
Fir eng glafwierdeg Ofschreckung wiere modern Innovatiounen, eng staark Verdeedegungsindustrie, Kompetenzen am Weltraum- a Cyberberäich souwéi eng zolidd Finanzéierung néideg. Mat der Grënnung vun der "Defence, Security and Resilience Bank" wëll Lëtzebuerg dozou e wichtege Bäitrag leeschten.
De Sommet war och eng Geleeënheet, fir déi weider Ënnerstëtzung fir d'Ukrain am Asaz fir hir Fräiheet, Souveränitéit an territorial Integritéit ze bestätegen.
Beim NATO-Sommet zu Ankara hunn d'Memberstaaten eng gemeinsam Ofschlosserklärung ugeholl. Trotz Spannungen tëscht den USA an e puer europäesche Partner gouf et kee grousse Sträit.
Beim Thema Iran gouf sech nëmmen op ee gemeinsame Minimum verstännegt. D'NATO hält fest, datt den Iran keng Atomwaff däerf besëtzen a rifft d'Land dozou op, d'Fräiheet vun der Schëfffaart an der Strooss vun Hormus ze respektéieren.
D'Staats- a Regierungscheffe hunn hiert feste Bekenntnis zum Artikel 5 vum NATO-Vertrag widderholl. Dëse Grondprinzip gesäit vir, datt en Ugrëff op ee Member als Ugrëff op déi ganz Allianz ugesi gëtt an déi aner Memberstaaten Hëllef leeschten.
