Et wär evident, dass och déi 102 Gemengen den Impakt vun der Kris an hire Keese mierken. Allerdéngs hunn d'Märeie ''just'' 210 Milliounen Euro manner kritt, ewéi an de Budgete virgesi war. Am Ufank vun der Pandemie war ee vun enger duebel esou héijer Perte ausgaangen. 2,1 Milliarden Euro kruten d'Gemengen am Joer 2020.
D'Taina Bofferding huet wärend dëser Pressekonferenz ëmmer nees betount, d'Kritik vu virop CSV-Politiker wär falsch.
''Net bestätege kann ech d'Aussoe vum President vum Gemengesyndikat Syvicol a vu mengem Vir-Vir-Virgänger, déi sech quasi eens waren, dass d'Gemenge strukturell Finanzproblemer géife kréien a laangfristeg ënner d'Riede géife geroden. Dat sinn Aussoen, déi ech ni wäert deelen, well d'Zuelen et einfach net hierginn. Konservativ Meenungen a perséinlecht Empfanne sinn nach laang keng Fakten. Domat kann ech als Inneministesch wéineg ufänken. Meng Aufgab ass et awer, d'Gemengefinanze permanent um Radar ze hunn an net nëmme Momentopnamen ze weisen.''
Dofir gouf um Freideg den internen Alarmsystem virgestallt. En Outil, mat deem d'Beamten am Inneministère Mount fir Mount mat neien Donnéeën iwwerpréiwen, wéi stabil d'Finanze vun den eenzele Gemenge sinn. Aktuell wär keng an de Laberenten, esou d'Inneministesch Taina Bofferding.
D'Finanze vun de Lëtzebuerger Gemenge wäre resilient.
En onofhängege Rapport vun der Lëtzebuerger Zentralbank huet iwwerdeems erginn, dass d'Ziler vun der Reform vun de Gemengefinanzen am Joer 2016 am grousse Ganzen areecht goufen.