
Fir déi bal 250 Salariéeë gëtt et awer an enger éischter Phas eng gutt Nouvelle. Fir si soll sech nämlech näischt änneren.
Dat ass d'Resultat vu Gespréicher tëschent der Personaldelegatioun an der neier Direktioun.
Den David Angel, den zoustännegen Zentralsekretär beim OGBL, seet am RTL-Interview, datt een den Ament éischter zouversiichtlech ass:
"D'Personal gëtt integral iwwerholl, déi aktuell Aarbechtskontrakter ginn iwwerholl an a priori och de Kollektivvertrag. Fir den Ament gesäit et net esou aus, wéi wann et sollt zu Entloossunge kommen. Mir hoffen natierlech, dass et dobäi bleift an dass sech och an deenen nächste Méint näischt dodrun ännert. Mir bleiwen awer un der Situatioun drun a verfollegen déi och opmierksam."
Am Hierscht soll de Kollektivvertrag fir déi ronn 250 Salariéeën nei verhandelt ginn.
Déi däitsch Firma Breuninger hat e Méindeg confirméiert, datt si d'Kleedergeschäft Bram iwwerhëlt.
