
De Mann, deen an 1. Instanz um Stater Geriicht wéinst Fahrerflucht zu enger Geldstrof vun 3.500 € an zu engem Fuerverbuet vun 18 Méint mat Sursis veruerteelt gi war, ass nämlech an zweeter Instanz fräigesprach ginn.
Hien hat am Juni 2017 um Briddel en Accident provozéiert, eventuell mat ze vill Alkohol am Blutt. Deemools war de Mann mat sengem Auto an e geparktent Gefier gerannt. Wéi d'Police op d'Plaz vum Accident koum, war den Ugekloten net méi do, well hien déi Zäit vu sengem Hausdokter gebutt gouf. Vue dass sech de Beschëllegten eréischt den Dag drop bei der Police gemellt hat, konnt säin Alkoholtaux net méi festgestallt ginn.