
Bei der Montée krut d’Ekipp eng Meldung, datt d’Temperatur vum Klima-System ze héich wier. D’Crew huet decidéiert ëmzedréien an de Fliger ass kuerz dono nees sécher um Lëtzebuerger Flughafe gelant.
An engem Communiqué präziséiert d’Air Rescue, datt keng Persoune verwonnt goufen. Den Ambulanze-Fluch gouf vun engem Ersatz-Fliger assuréiert.