Dat soll zur Entlaaschtung bäidroen - 61 Prozent vun de Strukture fir d’Ukrainer a bal 96 Prozent vun den anere Strukture sinn aktuell voll, esou den Ausseminister den Dënschdeg de Moien op enger Pressekonferenz. An den Drock klëmmt.
Vill Privatleit, déi Flüchtlingen aus der Ukrain opgeholl hunn, géingen dat elo net méi gestemmt kréien, huet de Minister ze bedenke ginn. Donieft hätt een den Ament och vill Ufroe fir internationale Schutz vu Leit aus anere Länner.
“Schonn am August hate mer iwwer 200 Demanden, wat aussergewéinlech ass fir den August, vu Flüchtlingen. A gëschter hu 50 Leit bei eis an engem Dag de Statut gefrot. Mir wëssen nach net, wou d’Leit hierkommen, mir kennen d’Nationalitéite virun allem, dat si virun allem Syrer an eritreeësch Leit. Mee Dir kënnt Iech virstellen, 50 an engem Dag. Wéi dat sech elo weiderentwéckelt, dat musse mer gesinn.”
Lëtzebuerg misst manner Leit ophuelen, fënnt den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser. Et géinge Leit ginn, déi vu Passeuren an Europa bruecht ginn an dann näischt iwwert déi wéilte soen - dat misst scho beim éischte Gespréich bei der Immigratioun festgestallt ginn.
“An da muss een deene Leit soen: “Dir kënnt zu Lëtzebuerg keen Asyl kréien, wann Dir mat den Autoritéiten net zesummeschafft, dat heescht, Dir musst d’Land verloossen, entweder Dir schafft mat eis zesummen an Dir gitt gewuer a mir kënne kontrolléieren, wéi Är Situatioun ass an da maache mer déi normal Prozedur, mir kucken, ob der Recht hutt oder net Recht hutt oder mir si virun enger Situatioun vun enger Obstruktioun, engem Refus an da musse mer direkt soen, et deet eis Leed, domat kënne mer eens ginn”.”
Aner Téin komme vun der CSV an déi Lénk. Fir d’Nathalie Oberweis misst opgehale ginn, vu Flüchtlingen a Migratioun als Problem ze schwätzen, an d’Gemenge missten obligéiert ginn, Flüchtlingen opzehuelen.
“Mir hunn awer zu Lëtzebuerg vill Gemengen, wou keng Flüchtlinge sinn, an et dierft am Endeffekt, firwat soll et fräiwëlleg sinn? Wann et eng schéin an eng wichteg Missioun ass, Leit z’accueilléieren a Leit ze hëllefen. Da soll et einfach eng Quoteverdeelung ginn an et ass wichteg an et ass eng positiv Erfarung, wann ee mat de Leit schwätzt, déi allermeescht hunn immens positiv Erfarunge gemaach an dofir soll et net sou problematiséiert ginn.”
Et wier gutt, datt weider Kapazitéite geschaaft ginn, ma et misst eng Verdeelung iwwer d’ganzt Land kommen, fënnt och den CSV-Deputéierte Paul Galles, hie plädéiert awer fir e sektorielle Plang virun engem Quotesystem. Datt den Ament vill Leit zu Lëtzebuerg ukommen, wier op eng generell Situatioun zréckzeféieren.
“Déi besteet och doran, dass de Klimawandel op verschiddene Plazen ukënnt an dass do och Leit elo einfach sech op d’Rees maachen, wat eng Saach ass, déi an den nächste Joren a Joerzéngte wäert vill méi staark nach beschäftegen an och concernéieren a wou mir och elo musse systematesch a strukturell prett sinn zu Lëtzebuerg an a ganz Europa an da mengen ech och de Krich a wat de Krich och an anere Länner bewierkt, dat féiert och dozou, dass aner Leit sech op de Wee maachen.”
Den Ausseminister Jean Asselborn huet den Dënschdeg de Moien iwwerdeems och annoncéiert, datt bis Enn dës Joers 15 Flüchtlingen op Lëtzebuerg kommen, déi den Ament an Italien sinn, an d’nächst Joer 23 aus Zypern, EU-Länner, an deenen duerch d’geographesch Lag disproportionell vill Mënschen op der Flucht ukommen.