3 Lëtzebuerger Walobservateuren an Ungarn dobäi"Déi Wale si fräi a fair a ganz gutt organiséiert ofgelaf", esou de Gilles Baum

Céline Eischen
De Gilles Baum, de Claude Hagen an den Emile Eicher waren an Ungarn fir d'OSZE am Asaz.

An Ungarn kënnt et zu engem Regierungswiessel: De Viktor Orban a seng Fidesz-Partei goufe kloer ofgewielt. Neie Regierungschef gëtt héchstwarscheinlech de Péter Magyar, dee mat senger pro-europäescher Partei Tisza däitlech déi meeschte Stëmme bei de Walen e Sonndeg kritt huet. Ma fir sécher ze stellen, datt d’Wale richteg oflafen, huet d’OSZE eng Wal-Observatiounsmissioun an Ungarn geschéckt.

De Gilles Baum, de Claude Hagen an den Emile Eicher waren an Ungarn fir d’OSZE am Asaz.

Déi ungaresch Regierung huet esou eng Wal-Observatiounsmissioun bei der OSZE, also der Organisatioun fir Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa, ugefrot. Et geet drëms, sécherzestellen, datt dës Wale fräi a fair oflafen. Dofir sinn zanter Ugangs Mäerz eng Rei Experten an Ungarn ënnerwee, fir Kontrollen ze maachen. Fir d’Walen e Sonndeg waren dann och 200 sougenannte Short-Term-Observers an d’Land gereest: Dat si Membere vun der parlamentarescher Assemblée vun der OSZE.

Och dräi Lëtzebuerger Deputéierte waren Deel vun der Delegatioun. Dat waren de Gilles Baum vun der DP, de Claude Hagen vun der LSAP an den Emile Eicher vun der CSV. Am Interview huet de Gilles Baum eis erkläert, wéi esou een Dag als Walobservateur ofleeft:

Mir waren um véier oder fënnef schonn op de Been, well um sechs Auer déi éischt Büroen opgaange sinn. Dat heescht, mir hu musse virdrun an de Büroe scho sinn, fir ze kucken, ob do alles propper leeft. Zum Beispill kucken, ob net scho Walziedelen an den Urne leien, éier déi um sechs Auer versigelt gi sinn. An dunn hu mer am ganze 14 Walbüroe gekuckt. Wat ass eis Missioun? Eis Missioun ass am Fong haaptsächlech, fir ze kucken, ob d’Leit fräi a fair kënnen un de Walen deelhuelen.

Als OSZE-Member-Staat kann een esou eng Wal-Observatioun ufroen. Dat huet déi ungaresch Regierung bis elo all 4 Joer fir d’Walen esou gemaach. A bei dëse Wale stoung och eppes um Spill: Et war déi éischte Kéier, datt de Viktor Orban ee richtegen Erausfuerderer hat. Ënnert dem Viktor Orban huet sech Ungarn an de leschte 16 Joer ëmmer méi an déi autoritär Richtung beweegt: Wéi d’Organisatioun Freedom House festhält, ass Ungarn dat Land mat den autoritäersten Zich an der EU: Den Orban huet zum Beispill onofhängeg Institutioune wéi d’Geriichter versicht, mat Leit, déi him a senger Partei nostinn, ze besetzen an ze kontrolléieren. Esou eng Wal-Observatioun war an Ungarn dowéinst net vu Muttwëll. Bei de Kontrolle sinn awer keng Onreegelméissegkeeten opgefall:

“Vun der Organisatioun hier huet alles ganz gutt geklappt. D’Ofleef an de Walbüroe si reiwungslos ofgelaf. Mir hu Walbüroe gesinn, wou ganz, ganz laang Schlaange waren, wou d’Leit hu missen eng hallef Stonn waarden. Ganz vill Leit si komm, hunn hir Kanner matbruecht. Dat war ganz, ganz disziplinéiert ofgelaf. Also wéi gesot, vu Lëtzebuerger Säit konnte mer keng Verfeelunge feststellen. Ech hunn och mat Kolleegen aus anere Länner geschwat, déi dat selwecht gesot hunn. Also déi Wale si fräi a fair a ganz gutt organiséiert ofgelaf.

Et ass een historescht Resultat fir Ungarn kann ee soen, besonnesch jonk Ungaren hu sech ee Regierungswiessel gewënscht. Deemno war d’Freed zu Budapest e Sonndeg den Owend grouss. Heizou nach eng Kéier de Gilles Baum aus der ungarescher Haaptstad:

“Also wéi d’Walresultater erauskomm sinn, huet een direkt eng Explosioun u Freed gemierkt bei de Leit, Autocorsoen, et ass op de Stroosse gedanzt ginn, d’Leit louche sech an den Äerm. Ganz besonnesch déi jonk Generatioun ass mat Fändelen duerch Budapest gezunn. Ech hunn dat gesinn, um Wee zréck vum leschte Wallokal an den Hotel, onheemlech vill Leit op der Strooss an ech géif mengen eng Ambiance, wéi se warscheinlech fir d’lescht hei zu Budapest war, wou déi 1989 d’Berliner Mauer gefall ass.”


Weider Sujeten zum Thema

Back to Top
CIM LOGO