Deputéiert zu Wal an Ungarn “Et weist, dass autoritär an onliberal Regimmer och kënnen ofgewielt ginn"

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moien hunn d'Deputéiert aus der Chamber op d'Walresultater an Ungarn reagéiert.
Dräi Lëtzebuerger Deputéiert waren als Walobservateure vun der OSZE an Ungarn bei de Parlamentswale mat dobäi.
Dräi Lëtzebuerger Deputéiert waren als Walobservateure vun der OSZE an Ungarn bei de Parlamentswale mat dobäi.
© Flickr Chambre des Députés

Et wier een no der Wal-Defaite vum Viktor Orban an Ungarn mat engem gudde Gefill e Méindeg de Moien erwächt. Do si sech d’Deputéiert no der parlamentarescher Aussekommissioun en Gros eens. Just vun der adr hunn d’Journalisten op der Plaz keen Deputéierte gesinn.

Déi däitlech Majoritéit fir den éischte pro-europäeschen Oppositiounskandidat Péter Magyar géing weisen, dass “autoritär an onliberal Regimmer och kënnen ofgewielt ginn”, esou déi gréng Deputéiert Sam Tanson an den RTL-Mikro.

Dem Franz Fayot vun der LSAP no hätt de Magyar elo déi “riseg Aufgab”, den ungaresche Rechtsstaat nees hierzestellen. Et muss een trotzdeem virsiichteg bleiwen an ofwaarden. Besonnesch wéi dem Péter Magyar seng éischt Schrëtt op europäeschem Plang ausfalen, sot den CSV-Deputéierten a Vizepresident vun der Aussekommissioun Laurent Zeimet.

Dem Franz Fayot vun der LSAP, dem Marc Goergen vun de Piraten an dem David Wagner vun déi Lénk maachen awer déi konservativ Tendenzen vum Péter Magyar senger Partei Tisza Suergen. De Magyar ass jo och Member vun der Europäescher Vollékspartei EPP a misst sech do fir d’éischt nach beweisen, esou de Franz Fayot. Och den David Wagner sot am RTL-Interview, dass de Changement zwar der Ënnerstëtzung fir d’Ukrain kéint zegutt kommen, ma hie wéilt awer léiwer nach ofwaarden. De Marc Goergen huet awer begréisst, dass den Orban op d’mannst keng Informatioune méi u Russland kéint weiderginn.

De President vun der Aussekommissioun, de Gusty Graas vun der DP, gesäit duerch e Regimmwiessel an Ungarn e klore Virdeel fir de Fonctionnement vun der EU. D’Unianimitéit kéint zwar duerch Länner wéi Tschechien oder d’Slowakei weiderhin e Problem bleiwen, mee allgemeng erhofft hie sech, dass elo méi einfach Entscheedunge kënne geholl ginn.

Premier schwätzt vun enger “gudder Nouvelle fir Europa”

De Premier Luc Frieden weist sech ganz zouversiichtlech, dass de Magyar net vu senger pro-europäescher Linn wäert ofwäichen, och wann hien innepolitesch als éischter konservativ gëllt. “Mir jugéieren dat wat eng Inzidenz huet op de Recht vun Europa. An do [...] ass hien e Vertrieder vun enger pro-europäescher Linn.”

Eng ganz breet Majoritéit vum ungaresche Vollek huet sech fir de pro-europäesche Kandidat entscheet. An de Péter Magyar ass och Member vun der Europäescher Vollekspartei, an där och d’CSV ass, betount de Lëtzebuerger Premier. Elo kéint dann och de Wee fräi sinn,fir den Hëllefspak vun 90 Milliarden Euro fir d’Ukrain ze accordéieren. Dat kéint ee vun den éischte Schrëtt sinn, déi op EU-Niveau mat engem neien ungaresche Premier entaméiert ginn.


Weider Sujeten zum Thema

Back to Top
CIM LOGO