
Wéi d’Police matdeelt, huet géint 1 Auer an der Nuecht op en Dënschdeg eng Patrull missten an d’Urgence op de Kierchbierg fueren, well hei eng Persoun randaléiert huet. Wéi d’Beamten ukomm sinn, hu si d’Fra direkt e puer Mol opgefuerdert, fir d’Spidol ze verloossen. Si huet sech awer géintiwwer de Beamten net all ze kooperativ gewisen. Well si an hirem Zoustand eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, koum si, nodeem si eng kuerz Visitt bei engem Dokter hat, an Arrest.
E Méindeg de Mëtteg da goufen d’Beamte vun der Police alarméiert, well eng Fra mat enger E-Trottinett gefall war. Si hat sech heibäi blesséiert a koum an d’Spidol. Wéi hiert d’Gefier kontrolléiert gouf, huet sech erausgestallt, datt dës méi séier fuere kéint, wéi d’Gesetz et erlaabt. Dowéinst gouf de Parquet informéiert an dësen huet d’E-Trottinett saiséiere gelooss. Protokoll gouf erstallt.
Da mellt d’Police nach, datt zu Bouneweg e Mann konnt festgeholl ginn, deen Droge wéi och Boergeld bei sech hat. Och hei gouf de Parquet informéiert an de presuméierten Drogendealer hat nach e Méindeg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.