Invité vun der Redaktioun (24. Februar)Robert Goeres, President Luxembourg Retail Federation

Pierre Jans
En Dënschdeg de Moien ass den Eenzelhandel Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Wéi geet et dem Detail-Commerce zu Lëtzebuerg, also deene Geschäftsleit, déi Iech Wueren direkt verkafen, ob Kleeder, elektresch Apparater oder och Iesswueren? Aus dem neiste “Retail Report” geet ervir, dass d‘Verkafsfläch am Total gewuess ass zanter 2019, de Leerstand manner ginn ass an dass virop am Moude-Beräich Butteker verluer goungen.

De Geschäftsmann a President vun der “Luxembourg Retail Federation” Robert Goeres ass bei eis am Studio, fir déi Entwécklungen am Commerce anzeschätzen.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO