Grénge StroumFranséischen Offshore-Wandpark: Lëtzebuerger Schëff am Asaz

Serge Pauly
Viru Saint-Nazaire gëtt am Moment den éischte franséischen Offshore-Wandpark gebaut. D’Firma Jan de Nul vu Mamer setzt déi 80 Wandmillen an d’Mier.
Franséischen Offshore-Wandpark: Lëtzebuerger Schëff am Asaz
Viru Saint-Nazaire gëtt am Moment den éischte franséischen Offshore-Wandpark gebaut. D’Firma Jan de Nul vu Mamer setzt déi 80 Wandmillen an d’Mier.

D’lescht Woch war et esouwäit: déi éischte Wandmille vu Saint-Nazaire steet. Et ass déi éischt vun am ganzen 80 Eoliennen, déi an den nächste Méint hei virun der bretonescher Côte montéiert ginn. Eng 24 Stonnen dauert et, bis d'6-Megawatt-Turbinn, den Tuerm vun 80 Meter Héicht an déi dräi Rotorblieder vu 74 Meter Längt zesummegeschrauft sinn.

Dofir brauch een net nëmme spezialiséiert Mataarbechter, mä och speziellt Geschier, wéi zum Beispill e speziellt Schëff. D’"Vole au Vent” fiert ënnert Lëtzebuerger Fändel a gehéiert dem belsch-Lëtzebuerger Grupp Jan de Nul. Et ass eng vu wéinege Firme weltwäit, déi esou Servicer ubitt. Den David Lutty, Direkter vu Jan de Nul Lëtzebuerg, explizéiert dës Missioun: “Mir fueren eraus op d’Mier a mir musse kucken, fir trotz de Welle mam Kran esou roueg wéi méiglech schaffen ze kënnen. Dofir hu mir e Schëff, dat sech mat véier Pilieren an d’Mier setzt an dann aus dem Waasser erauskënnt.

Fir dëse Wandpark gouf am Hafe vu Saint-Nazaire eng eege Fabrick opgeriicht, fir d’Wandmillen op der Plaz kënnen ze produzéieren. Pro Tournée bréngt d’Lëtzebuerger Schëff da véier Eoliennë bis virun d’Côte.

Eng zéng Joer gouf un dësem éischte franséischen Offshore-Wandpark geplangt. De Projet war an ass net onëmstridden, an engem Land, wou dräi Véierel vum Stroum aus Atomzentrale kënnt. Mä och de franséische Stroumproduzent EDF wëll sech diversifizéieren.

Esou ginn et a Frankräich scho Projete fir weider Offshore-Wandparken. Gutt Nouvelle fir d’Firma Jan de Nul, déi natierlech op nei Opträg hofft: “Mir waarden op d’Livraisoun vun engem weidere Schëff, fir nach méi grouss Eoliennen an d’Mier ze setzen. Dat ass scho gebucht, fir no der Ausliwwerung direkt an England schaffen ze goen. Et dauert ëmmer laang, bis déi ganz Autorisatiounen do sinn, mä mir hunn d’Gefill, dass et elo endlech weidergeet.

Zu Saint-Nazaire soll bis Enn vum Summer déi leschte Wandmille stoen. Esou séier wéi Jan de Nul se opriicht, gi se verkabelt. Spéitstens 2023 soll déi ganz Anlag dann hir maximal Kapazitéit vu 480 Megawattstonne liwweren. Dat ass esouvill wéi 700.000 Leit un Haushaltsstroum verbrauchen. Oder d’Hallschent vun der Populatioun vum franséischen Departement Loire-Atlantique.

Back to Top
CIM LOGO