Et ass net méi laang bis Silvester, dat mierkt een och un den Ziedelen, déi an de Bréifkëschte vun den Awunner landen oder un de Pressecommuniquéen. Silvester annoncéiert sech, wou jo nawell gäre Freedefeieren ofgeschoss ginn.
An de meeschte Gemengen ass et allerdéngs d'ganzt Joer iwwer verbueden. Oder et brauch een eng speziell Autorisatioun vum Buergermeeschter.
D'Police gëtt an deem Kontext e puer Recommandatiounen. Et soll een d'Knupperten an d'Silvesterrakéiten net op déi liicht Schëller huelen. Deen, deen näischt gedronk huet, soll se lass loossen. Et soll ee se ni an der Hand ufänken, just op autoriséierte Verkafsstänn kafen an och just Artikele mat „CE“ drop, déi also hei am Land zougelooss sinn.
Hei am Land si bis ewell nach keng Accidenter duerch Knupperte bekannt. An Däitschland gesäit dat anescht aus. An de leschten Deeg koum et hei schonn zu méi uergen Tëschefäll.
RTL-NEWS: Hamburg: Jong vu 14 Joer verléiert duerch Knuppert 3 Fangeren
D'Police weist awer och drop hin, datt ee jo am Prinzip kee Freedefeier däerf lass loossen – ausser et gëtt eng Autorisatioun vum Buergermeeschter. Et soll ee sech also op senger Gemeng informéieren.
An der Stad ass Freedefeier just op Privatterrain erlaabt, krut RTL op Nofro gesot.
Via Communiqué krute mer als éischt vun der Gemeng Schëffleng matgedeelt, dass op Silvester kee Freedefeier däerf ofgeschoss ginn. An der Gemeng Ierpeldeng un der Sauer haten d'Awunner an der Woch vum 10. Dezember schonn en Ziedel an der Bréifboîte.