D'Aktualitéit "kanna"-liicht erkläertAn de Kannaniuuss dës Woch: Méi wéi Beien – Ziel mat!, Tripartite, Goodyear

Julie Thilges
Noriichte fir Kanner ginn et schonn zanter September 2020 all Sonnden den Owend wärend der Schoulzäit op der Tëlee, um Enn vun der Kannativi-Emissioun.
Kannaniuuss vum 17. Mee 2026
Méi wéi Beien – Ziel mat!, Tripartite, Goodyear

Hei kucke mer nach eng Kéier op den Hanta-Virus; schonn d’lescht Woch hate mir d’Situatioun erkläert, mee wat genee geschitt mat de Leit, déi um Schëff waren an net krank gi sinn?

Grousst Thema dës Woch war jo d’Reunioun fir d’Tripartite, hei erkläre mir, ëm wat et geet, wat dat eigentlech heescht a wat soll beschwat ginn.

Dëst Joer feiert de Lëtzebuergesche Sëtz vu Goodyear seng 75 Joer. Wéi eng Produktioun vu Camions- a Baggerpneuen ausgesäit, hunn d’Kanner vläicht nach net gesinn, dofir gi mir hinnen e klengen Abléck an d’Firma a wéi e Pneu ausgesäit, ier e seng Form huet, déi mir kennen.

An da war et jo déi grouss ESC-Woch: Leider huet Lëtzebuerg et net an d’Finall gepackt, ma mir kucken op dem Eva Marija säin Optrëtt an der zweeter Halleffinall zréck.

An am Reportage duerno geet et eraus an d’Natur. Wann een un Insekten denkt, dann ass et dacks d’Bei, déi engem als éischt an de Kapp kënnt. Mee wosst dir, datt et zu Lëtzebuerg nach vill méi kleng Déiere ginn, déi fir eis Natur immens wichteg sinn? D’Natur&Ëmwelt rifft elo nees dozou op, Insekten ze zielen — am Gaart, am Park oder op enger Wiss. Rieds ass vum Projet “Méi wéi Beien – Ziel mat!”, bei deem jidderee ka matmaachen an dee schonn zanter 2023 organiséiert gëtt. E geet nach bis de 24. Mee.

D'Kannaniuuss kënnt Dir um RTL Play oder sonndes um 9 an um 18 Auer am KannaTivi op der Tëlee kucken.

Wat sinn d’Kannaniuuss?

Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt Dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.

All d'Emissiounen um RTL Play

Kannaniuuss

KannaTivi

Eis Stëmmen

Back to Top
CIM LOGO