Roy RedingGarantien op Neibaute sollten duerch Assurance garantéiert ginn

Maxime Gillen
D'Garantien op nei gebauten Haiser an Appartementer, fir déi de Promoteur 10 Joer laang muss opkommen, sollt duerch eng Assurance garantéiert ginn.
© RTL Archivbild

Dat huet den ADR-Deputéierte Roy Reding en Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber gefuerdert.

Wien en Haus oder en Appartement um Plang keeft, huet per Gesetz eng Garantie dorobber vun 10 Joer. Dat heescht 10 Joer laang muss de Promoteur haften, wann eppes mat deem Haus oder Appartement net an der Rei wier. Geet de Promoteur awer antëscht Faillite, bleift de Proprietär op de Schied setzen. Mat enger obligatorescher Assurance, géif och de Bau selwer vun där Gesellschaft iwwerwaacht ginn, wat de Konsument zousätzlech géif schützen, esou de Roy Reding.

Doriwwer eraus huet den ADR-Deputéierte monéiert, dass d'Cahier de charges fir Neibauten dacks vill ze komplizéiert, net kloer genuch an deels esouguer ierféierend sinn. Och géif et ëmmer erëm Abusen, wat d'Bezuele vun eenzelen Tranchen an d'Garantie d'achèvement ugeet.

Allgemeng wéilt een den Droit de la construction weider reforméieren an un haiteg Realitéiten upassen, esou d'Justizministesch Sam Tanson. Wat d'Bezuele vun Tranchen ugeet, wier de Code civil ganz kloer an deemno gesäit d'Justizministesch kee Besoin, dorun eppes ze änneren. Wien also vum Promoteur genéidegt gëtt, Rechnungen ze bezuelen, fir Aarbechten, déi nach net fäerdeg sinn, ka sech just wieren, andeems en domat viru Geriicht geet.

Back to Top
CIM LOGO