
Ma dës Woch nach gëtt eng Géigepetitioun fir Ënnerschrëften opgemaach. An zwar eng Petitioun, déi fuerdert, datt Theemen iwwert LGBTQ+ an d’Zesummeliewen an der Educatioun vu Mannerjärege gestäerkt ginn. (“développer davantage encore les thématiques LGBTQ+ et du vivre-ensemble dans l’éducation des mineurs”).
D’Chamber-Petitiounskommissioun huet en Dënschdeg de Moien dës Petitioun eestëmmeg ugeholl, esou d’Presidentin vun der Kommissioun an LSAP-Deputéiert Francine Closener, op Nofro hin. Am Ganzen huet d’Kommissioun 4 Géigepetitiounen ënner d’Lupp geholl. D’Francine Closener huet erkläert, datt wann e puer änlech Petitioune gläichzäiteg eragereecht ginn, d’Kommissioun déi zeréckbehält, “déi am Beschte formuléiert ass”. D’Deputéiert hu sech fir déi vum Marc Gerges entscheet, e fréiere Journalist, deen elo fir d’Kommunikatioun bei der LSAP schafft.
D’Francine Closener weist all Form vu Favoritismus vu sech : all Bierger, onofhängeg vu senger politescher Astellung, däerf eng Petitioun lancéieren. Si war esouguer als Parteipresidentin net au Courant, datt hire Mataarbechter d’Demande gemaach huet. Et wier awer esou, datt an den 3 anere Petitiounen eng «Forme personelle» oder eng perséinlech Erfarung dra war, wat net méi de Krittären entsprécht. An deem Fall schéckt d’Commissioun dacks eng Petitioun bei den Auteur zeréck, fir datt deen d’Formulatioun kann änneren. Dem Marc Gerges seng hätt eben all d’Krittären erfëllt an esou géing een Zäit gewannen.
Op d’Fro, ob d’Petitioun géint LGBTQ+-Theeme bei Mannerjäregen an d’Géigepetitioun zesummen debattéiert géinge ginn, huet d’Francine Closener geäntwert, datt een dat géing kucken, wann d’Géigepetitioun déi néideg 4.500 Ënnerschrëfte gesammelt huet.
D’Chamberpresidente-Konferenz muss nach Gréng Luucht ginn an dann dierf d’Géigepetitioun nach dës Woch opgemaach gi fir Ënnerschrëften.
Ewéi d’Petitioun géint LGBTQ+-Theeme bei Mannerjärege bannent just e puer Deeg Dausenden Ënnerschrëfte gesammelt hat, sote Vertrieder vun der Queer-Communautéit, se wieren “entsat”. Si, genee ewéi de Centre pour l’égalité de traitement (CET), den nationale Resistenzmusée oder nach de CID Femmes, soten, datt dat géing riskéieren, d’Diskriminéierung vu Leit aus der LGBTQ+-Communautéit ze stäerken.
Den Ombudsman fir d’Rechter vu Kanner a Jugendlecher (OKAJU), deen hat betount, datt affektiv a sexuell Gesondheet vum jéngsten Alter u soll gestäerkt ginn, fir datt Kanner sech entwéckele kënnen a sech géint Diskriminatiounen an Abuse kënne wieren.
D’ADR, déi huet par konter kritiséiert, datt Institutiounen, déi vum Staat finanzéiert ginn, den demokrateschen Debat géinge manipuléieren oder Drock op Petitionäre maachen. Fir d’riets-konservativ Oppositiounspartei wier dat e Verstouss géint d’Neutralitéitsflicht an domadder och en Abus de pouvoir an en Ënnergruewe vun der Demokratie a vun der Meenungsfräiheet.
Eng weider Petitioun, bei där et nees ëm déi Jonk an der Schoul geet, huet en Dënschdeg iwweregens de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. An zwar d’Petitioun, déi fuerdert, datt Smartphones bannent de Schoule verbuede solle ginn. Ob et definitiv zu engem Debat wäert kommen, muss awer nach confirméiert ginn.
D’Ënnerschrëfte mussen nämlech nach an der zoustänneger Chamberkommissioun validéiert ginn.