Et géif probéiert ginn, den Accès op objektiv Informatiounen iwwer Sexualitéit fir Kanner a Jugendlecher anzeschränken, sou den OKAJU.

An der Diskussioun ronderëm den Enseignement vu Kanner wat LGBT-Sujeten ugeet, huet sech e Freideg den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher zu Wuert gemellt. Hie weist sech besuergt, dass probéiert géif, den Accès op objektiv Informatiounen iwwer Sexualitéit fir Kanner a Jugendlecher anzeschränken. An der Schoul misste Persounen a Familljemodeller presentéiert ginn, wéi se an der Gesellschaft existéieren. Dat heescht, dozou missten och LGBTIQA+-Persounen, Koppelen a Famillje gehéieren, esou den OKAJU.

D'Fuerderungen aus der Petitioun, déi aktuell diskutéiert gëtt, géife riskéieren, eng ganz Rei Kannerrechter ze limitéieren, dorënner d'Recht vum Kand gehéiert ze ginn, sech fräi dierfen auszedrécken oder säi Recht op Educatioun, Entwécklung a Gesondheet. Doriwwer eraus wier et selbstverständlech, dass enseignéiert Matièren un den Alter vun de Kanner ugepasst géifen. Hei verweist den Ombudsman op international festgeluechte Principes directeurs vun der UNESCO, déi festhalen, wéini Kanner mat wéi engen Informatioune solle konfrontéiert ginn.