Wocheréckbléck vun der SantéGeimpfte Persoune maachen 23,5% vun den Neiinfektiounen aus

RTL Lëtzebuerg
Vun de 404 Neiinfektiounen tëscht dem 2. an dem 8. August waren 309 Persounen net geimpft, 95 Persounen dogéint ware komplett geimpft.
Geimpfte Persoune maache bal e Véierel vun den Neiinfektioun
Vun de 404 Neiinfektiounen tëscht dem 2. an dem 8. August waren 309 Persounen net geimpft, 95 Persounen dogéint ware komplett geimpft.

Déi lescht Woch hu sech 404 Residente mat Covid-19 ugestach, dat si 35 Fäll manner wéi déi Woch virdrun, respektiv e Minus vun 8 Prozent. D'Zuel vun de PCR-Tester, déi gemaach goufen, ass vu 46.244 op 36.0240 erofgaangen.Zënter deem d'Selbsttester agefouert goufen, goufen der Santé 804 positiv Resultater gemellt, 18 dovunner déi lescht Woch.

Wat déi aktiv Infektioune betrëfft, ass d'Zuel vun 946 um 1. August op 779 um 8. August erofgaangen. Den Altersduerchschnëtt vun de positiv geteste Persoune klëmmt op elo 31,7 Joer.

D'Situatioun an de Spideeler: Do goufen et d'lescht Woch 16 nei Admissiounen op enger normaler Statioun, op den Intensivstatioune klëmmt et vu 5 op 6 Better mat Covid-19-Patienten. D'Altersmoyenne klëmmt vun 51 op 53 Joer.D'lescht Woch sinn zwou Persounen, déi de Virus haten, gestuerwen. De Reproduktiounstaux ass liicht op 0,97 geklommen. D'Inzidenz fält déi 5. Woch hannertenee vun 69 op 64 Fäll op 100.000 Persounen. An all Alterskategorie sinn d'Fäll vun Neiinfektioune gefall, ausser an der Kategorie tëscht 30 a 44 Joer (+29%).D'Zuel vun de Leit, déi komplett geimpft sinn, läit elo bei knapp 310.000. Déi lescht Woch goufen iwwer 38.000 Leit geimpft. An der Woch tëscht dem 2. an 8. August waren 1.046 Persounen (-20%) an Isolement a 787 Leit a Quarantän (+9%).Wéi och an der Vergaangenheet ass a bleift d'Famill déi Plaz, wou een sech am heefegsten ustécht, dono kommen d'Vakanzen am Ausland an Hobbyen. D'Zuel vu Leit, déi net wësse wou se sech ugestach hunn, klëmmt op 38,3%. Iwwerall, ausser bei de Vakanzen, sinn d'Fäll awer kloer zeréckgaangen.22.435 Impfdosisse goufe verdeelt an der genannter Woch, 3.382 Persoune kruten hir 1. Dosis, 18.943 kruten hir 2. Dosis an 110 Leit schonn déi 3. Dosis. Am Ganze goufen 735.670 Vaccine verdeelt, 371.611 Persoune si komplett geimpft.Beim Ofwaasser dann ass et nach d'Nouvelle, dass d'Infektiounslaascht am Waasser an enger Woch geklommen ass.

PDF: Rapport vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO