SiconaGéint Biodiversitéitsverloscht: Rar Planzenaarten usidelen

Kevin Kayser
Op enger Wiss, déi just fir Hee genotzt gëtt, huet d'Sicona eng Planzenaart ugesidelt, déi bal verschwonne wier.
Géint Biodiversitéitsverloscht: Rar Planzenaarten usidelen
Op enger Wiss, déi just fir Hee genotzt gëtt, huet d'Sicona eng Planzenaart ugesidelt, déi bal verschwonne wier.

De Biodiversitéitsverloscht ass akut an dramatesch, dorop maachen eng Rei Naturschutzorganisatiounen um Internationalen Dag vun der Biodiversitéit opmierksam. Der Uno no sinn 1 Millioun Aarte vum Ausstierwe bedréit. Zu Bartreng ass e Mëttwoch e Projet virgestallt ginn, duerch deen d'Biodiversitéit soll protegéiert ginn. Hei huet d’Sicona rar Planzenaarten nees ugesidelt, op enger Wiss, déi fir Hee genotzt gëtt an op där keng Pestizide benotzt ginn.

Duerch verschidde Forme vu Landwirtschaft géif d'Biodiversitéit menacéiert ginn, seet den Yves Schaack vun der Sicona, et dierft een awer net de Baueren d'Schold ginn.

Extrai Yves Schaack

Ee grousse Kader setzt Europa, déi europäesch Landwirtschaftspolitik. Do gi ganz vill Saachen entscheet, déi d'Baueren herno am Fong just kënnen ausféieren. An dann eben déi Gestioun maachen, déi se maachen. Dat ass e wichtege Punkt, e wichtege Punkt ass och, de Verbraucher mat an d'Boot ze huelen. Wat d'Baueren och soen, a wou se och Recht hunn, ass, datt wann d'Leit immenst bëllegt Iessen mat niddereger Qualitéit kafen, dann huet dat och iergendwou säi Präis, an dat ass an dësem Fall oft an der Biodiversitéit.

Ee weider Facteur wier d'Urbaniséierung, esou den Yves Schaack. Senger Meenung no kéint een d'Bauen awer mam Erhale vun der Biodiversitéit an Aklang bréngen, et wier virun allem eng Fro vum Plangen.

Back to Top
CIM LOGO