
Zanter Mëtt d’lescht Joer ass de Marc Lies net méi Buergermeeschter vun Hesper a mol net méi Member am Gemengerot. Dat heescht awer net, datt dat Kapitel am Conseil domadder ganz eriwwer wier. Aktuell leeft nämlech eng Plainte géint grouss Deeler vun der Oppositioun an do mengt een, datt de fréiere Gemengepapp seng Fanger am Spill huet.
D’Plainte riicht sech géint d’Marie-Lyne Keller an de Stephen De Ron vun deene Gréngen an d’Rita Lunghi an de Mathis Godefroid vun der LSAP. Se geet op Juli 2024 zeréck, deemools sollt d’Duechter vum Marc Lies senger Partnerin eng Plaz als Coordinatrice vum Pacte communal du vivre-ensemble interculturel kréien, ma bei der Oppositioun huet ee sech dorunner gestouss, datt si net déi néideg Diplomer virweise konnt. Dowéinst gouf ee Bréif un den Inneministère geschéckt a well den Inneminister Léon Gloden dat och esou gesinn huet, gouf d’Nominatioun annuléiert. De Marc Lies hat sech deemools virop dorunner gestouss, datt den Numm vun der Fra an der Ëffentlechkeet zirkuléiert ass, obwuel d’Diskussioun à huis clos gefouert gi war. De Stephen De Ron, dee fir déi Gréng am Hesper Gemengerot sëtzt, weist de Reproche, eppes Illegales gemaach ze hunn, awer kloer zeréck.
“Wat mir gemaach hunn, mir hunn ee Bréif un de Minister Gloden adresséiert a geschéckt an am Bréif, wann een do iwwert eng gewësse Persoun schwätzt, da muss een déi Persoun och ernimmen. An ech kann a mengem Numm schwätzen, och am Numm vun deene Gréngen, also mir hunn näischt der Press weiderginn. Mir hunn e Bréif un de Minister adresséiert, dat ass alles, wat mer gemaach hunn a mir sinn domadder eisem Rôle als Oppositioun gerecht ginn.”
Och bei der LSAP seet een, datt een de Bréif net un d’Press weidergeleet huet. D’Plainte, déi lo géint déi véier Oppositiounsconseillere leeft, gouf net vum Marc Lies, mee vun engem Affekot am Optrag vun der Duechter vu senger Partnerin agereecht. Ma bei der Oppositioun ass een awer zimmlech sécher, datt och de fréiere Buergermeeschter seng Fanger mat am Spill huet, wéi de Mathis Godefroid vun der LSAP betount.
“Den Här Lies ass an der leschter Zäit duerch d’Caféë gaangen an duerch d’Baler gaangen an huet grouss getéint, datt hien eng Plainte géint eis gemaach huet, iwwerall. Mir wosste mol nach näischt vun där Plainte, aner Leit wossten et, äert mir et wossten. Dat heescht, dat heiten ass fir mech ganz kloer perséinlechen Interêt.”
Ee weideren Hiwäis dorop, datt de Marc Lies eppes mat der Plainte ze doen hätt, wier de Choix vum Affekot, deen d’Fra vertrëtt. Dëse wier nämlech CSV-Member an ee gudde Kolleeg vum Marc Lies.
Dee Marc Lies dementéiert iwwerdeems, iergendeppes mat der Plainte ze doen ze hunn.
“Also ech hu keng Plainte eragereecht, wat ganz kloer ass. Ech mengen, déi Häre soen et jo selwer, datt et dat legitimt Recht ass, fir Plainte ze deposéiere vun enger Persoun, déi ee Schued erlidden huet. An déi Persoun huet dat dann effektiv iwwert een Affekot gemaach, méi hunn ech dozou net ze soen.”
Fir de Stephen De Ron ass de Choix vum Affekot awer och ganz onofhängeg vun der Verbindung mam Marc Lies problematesch.
“Ech weess de Pourcentage lo net auswenneg, eppes tëscht 90 an 92 oder 93 Prozent hat de Maître Pierret dat Joer, wou d’Plainte deposéiert ginn ass Frais juridiques vun der Gemeng assuméiert. Ech mengen, et ass de Quasi-Affekot vun der Gemeng.”Et kéint een deemno wéi vun engem Interessekonflikt schwätzen, wann een engersäits fir d’Gemeng schaffen an anerersäits eng Plainte géint een Deel vum Corps communal maache géing.
Enn Februar goufen d’Oppositiounspolitiker vun der Police gehéiert, zanterhier hätt sech näischt méi gedoen. Sollt den Dossier um Enn ouni Suitte klasséiert ginn, wéilte si d’Saach op sech beroue loossen an no vir kucken. De Mathis Godfroid léisst sech d’Optioun vu juristesche Schrëtt awer op, wann et ëm Poste vum Marc Lies op de soziale Medie geet, déi Bäiträg wieren nämlech dacks diffamatoresch.
Esouwuel déi Gréng wéi och d’LSAP vun Hesper ënnersträichen, datt déi nei Buergermeeschtesch Diane Adehm hirer Meenung no näischt mat der Plainte ze doen huet. Ënnert der CSV-Deputée-Maire wier par Konter zanter Laangem mol nees eng positiv a konstruktiv Stëmmung am Gemengerot.