LuxprivatGeldstrof vun 2.000€ wéinst Diffamatioun

RTL Lëtzebuerg
Et goung an dëser Affär ëm e LuxPrivat-Artikel aus dem September 2013, vun deem den Ex-Mataarbechter viséiert war.

An engem Prozess wéinst Diffamatioun ass de Jean Nicolas e Mëttwoch am Nomëtten um Stater Geriicht fräigesprach ginn. Den Editeur vu Luxprivat, gouf dogéint zu enger Geldstrof vun 2.000 € veruerteelt a muss engem Ex-Mataarbechter 500 € Schuedenersatz bezuelen.

Et goung an dëser Affär ëm e Luxprivat-Artikel aus dem September 2013, vun deem den Ex-Mataarbechter viséiert war. 2011 hat dee Mann e puer Méint fir dat Haus geschafft a fir seng Aarbecht eng Kamera kritt. Déi hat hien net zréckginn. Virun deem Hannergrond war et zum Artikel vu viru bal 6 Joer komm.

Back to Top
CIM LOGO