Infoowend iwwert Nordstadreferendum zu BettenduerfGemengerot léisst oppen, ob de Biergerwëlle respektéiert wäert ginn

Marc Hoscheid
En Donneschdeg den Owend gouf zu Gilsdref een Informatiounsowend organiséiert, op deem och iwwert Fusioun a Referendum diskutéiert gouf.
© Marc Hoscheid

Den 23. Mäerz wäert zu Bettenduerf ee Referendum iwwert d’Fro ofgehale ginn, ob de Gemengerot d’Gespréicher iwwert eng Nordstadfusioun op en Enn brénge soll an d’Bierger an engem weidere Referendum am Joer 2027 no hirer Meenung gefrot ginn.

Um Informatiounsowend hu Membere vum Schäfferot net mat Kritik un deenen aneren Nordstadgemenge gespuert. Op eng wichteg Fro gouf et iwwerdeems keng Äntwert.

Ënnert anerem an engem Facebook-Post, an deem et ëm de Referendum den 23. Mäerz geet, hat d’Gemeng Bettenduerf op een Informatiounsowend invitéiert. Ma am gutt gefëllte Centre polyvalent zu Gilsdref huet de Schäfferot fir d’éischt Mol annerhallef Stonn doriwwer geschwat, wat an dëser Legislaturperiod schonn alles ëmgerappt gouf.

Dobäi gouf gefillt alles opgezielt, wat net bei dräi um Bam war, méi grouss Infrastrukturprojeten, awer och eng Wäschanlag fir Vëloen, d’Präisser vu Repas sur roues an den Affichage an de Bushaisercher, fir just déi Beispiller ze nennen.

Wéi et dunn endlech um Referendum war, gouf erstaunlech wéineg iwwert de Referendum u sech geschwat. Ma déi zwee Schäffen Andy Derneden a Lucien Kurtisi hu vill méi dovu profitéiert, fir ze erklären, firwat si géint ee Weiderféiere vun den Nordstadgespréicher gestëmmt hunn. Esou war et de Virworf, Bettenduerf wier an der Vergaangenheet ongerecht behandelt a vun Aarbechtsgruppen ausgeschloss ginn.

“Vun dësen Aarbechtsgruppe ware mir vun Ufank un ausgeschloss, well mir eis fir d’éischt Mol bei der Délibération concordante kloer positionéiere sollten. Bettenduerf hat an där Zäit jo awer zwee konkret Projete fir eng méiglech Nordstadfusioun eragereecht”, esou den Andy Derneden.

De Lucien Kurtisi sot iwwerdeems: “Wa mir net an d’Diskussiounen an d’Aarbechtsgruppen agebonne sinn, bedeit dat näischt anescht, wéi datt mir an dësem Fusiounsprojet systematesch an den Hannergrond geréckelt ginn. Mir hunn et ze spiere kritt, datt mir um Rand stinn, net nëmme geografesch, mee och politesch. Eis Bierger, eis Besoinen, eis Stëmm haten net déi selwecht Relevanz.”

Dono konnten d’Bierger du Froe stellen respektiv Umierkunge maachen. Dobäi sollt et bal bis zum Schluss daueren, bis de fréiere Schäffen a Member vun der Biergerinitiativ fir de Referendum Paul Troes dës Fro gestallt huet:

“Wann de Referendum, wann d’Leit lo wierklech gewëllt sinn, datt Dir weiderfuert an et gëtt eng Majoritéit, déi dofir ass, wäert Dir un ärem Vott, jiddereen Eenzelen, deen do vir steet, wäert Dir un ärem Vott festhalen an Är perséinlech Meenung iwwert déi vun der Populatioun setzen?”

Dozou de Buergermeeschter Patrick Mergen:

“Mat där dote Fro hu mer gerechent, Paul.”

Ma trotzdeem hat de Gemengepapp keng Äntwert parat. Just dräi Conseilleren hunn iwwerhaapt geäntwert. Déi zwee Schäffen Derneden a Kurtisi hunn allebéid gesot, si géingen d’Resultat ofwaarden, äert si eng Decisioun huelen. De Frank Schuler huet sengersäits bëssi méi wäit ausgeholl fir ze erklären, datt d’Froestellung onprezis wier an ënnerschiddlech interpretéiert kéint ginn. Hie wier a senger Meenung och vun der Uni Lëtzebuerg bestäerkt ginn. Dowéinst géing hie bei sengem Nee zum Weiderféiere vun de Fusiounsgespréicher bleiwen. Dat ass net bei jidderengem gutt ukomm.

“Also, wéi gesot, de Bierger kann net objektiv gefrot ginn, voilà, dat wollt ech dozou soen”
Nolauschterer: “De Bierger ass dir schäissegal”.

Ob de Gemengerot d’Resultat vum Referendum respektéiere wäert, ass also net gewosst. Dozou ass en iwwregens net verflicht, de Referendum ass nämlech just consultativ. Beim Vott am Gemengerot hate véier Conseillere fir a siwe géint weider Fusiounsgespréicher gestëmmt. Dofir waren den Albert Back, d’Simone Hoffmann, de Patrick Mergen an d’Suzette Serres. Dogéint den Andy Derneden, d’Fabienne Goergen, den Yves Kremer, d’Jill Kugener, de Lucien Kurtisi (per Procuratioun), de Frank Schuler an de José Vaz do Rio. De Vott hat musse widderholl ginn, well eng éischte Kéier geheim ofgestëmmt gi war, wat d’Gesetz awer an deem Fall net virgesäit.

Affaire à suivre deemno. An et bleift ofzewaarden, ob sech d’Vertrieder vun deenen aneren Nordstadgemengen no der Kritik aus Bettenduerf net vläicht awer nach zu Wuert melle wäerten. Et ass nämlech hannert de Kulissen ze héieren, datt deen een oder aneren Noper et nawell déck do sëtzen huet.

Back to Top
CIM LOGO