
An dësem fuerdert d’Organistaioun, dass de sougenannten “Gendermainstreaming” d’Basis vum nächste Regierungsprogramm soll sinn.
Konkret bedeit dat, dass d’Gläichheet vun de Geschlechter op allen Niveaue vun der Politik soll d’Norm sinn. Domadder sollen Ongläichheeten tëscht de Geschlechter a strukturelle Sexismus aus dem Wee geraumt ginn.
De CID fuerdert iwwerdeems, dass de Ministère fir d’Gläichheet tëscht Fra a Mann bäibehale gëtt. Och d’Rechter vun de Persounen, déi sech net an dat binäert Bild vu Fra a Mann andeele loossen, solle protegéiert ginn.