Invité vun der Redaktioun (28. Februar)Gérard Anzia: Lëtzebuerg brauch dat neit Buedemschutzgesetz

RTL Lëtzebuerg
Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch de Moien um kuerz no 8 Auer war de gréngen Deputéierten a Rapporter vum neie Buedemschutzgesetz.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Gérard Anzia
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8.10 Auer am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

An Zäite vu staarkem Wuesstem an engem Land ass Buedemschutz net evident. Dofir brauch Lëtzebuerg dat neit Buedemschutzgesetz wéi de Rapporter Gérard Anzia vun déi Gréng um Mëttwoch de Mueren am RTL-Interview erkläert huet. Et geet drëms, genotzte Buedem, wéi Industriefrichen zum Beispill, verstäerkt nees ze notzen.

De Prinzip vum Pollueur-Payeur soll mam neie Buedemschutzgesetz och verstäerkt spillen, wéi de Rapporter Gérard Anzia ënnerstrach huet. A wann de Responsabele fir d'Verknaschte vum Terrain net méi ka fonnt ginn, hëlleft de Fonds pour l'environnement beim Sanéieren. Schliisslech ass de Staat fir den Erhalt vun sengem Liewensraum responsabel, sou den Invité vun der Redaktioun.

An och dem Bierger, deen en Terrain wëll kafen, kënnt dat neit Buedemschutzgesetz ze gutt. En ëffentleche Kadaster an en Certificat iwwert den Zoustand vum Buedem, suergen och fir méi Transparenz a Sécherheet beim Kaf.

Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch de Moien um kuerz no 8 Auer war de gréngen Deputéierten a Rapporter vum neie Buedemschutzgesetz.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO