
Dës setze virun allem geziilt op Preventioun. Bei der Fondatioun gëtt awer och verstäerkt d'Kommunikatioun an de Mëttelpunkt gesat: Wéi seet een enger Persoun, dass ee selwer Kriibs huet a wéi reagéiert een am beschten, wann en Aarbechtskolleg Kriibs huet? D'Martine Risch, Psychologin a Psycho-Therapeutin bei der Fondation Cancer erkläert hir nei Offer: ''Comment réagir face à un collègue atteint du cancer?''.
Engersäits wier et esou, dass de Patient dacks géing soen, e wéisst net, wéi en enger anerer Persoun dat soll soen oder e wéisst net, wéi e mat där Situatioun sollt ëmgoen. Anersäits kréie si awer och vill Ufroe vun Aarbechtskollegen, déi sech bei deem Thema onwuel fillen. Dofir huet d'Fondation Cancer ee Projet lancéiert, wou et drëms geet, fir d'Mataarbechter an d'Cheffen opzeklären, virun allem am Ëmgang mam Erkrankten, dass op der Aarbechtsplaz nees eng gutt Ambiance kann entstoen.
D'Direktesch vun der Fondatioun, d'Lucienne Thommes, huet iwwerdeems déi nei Campagne mam Gilles Müller um Plateau vum RTL-Journal virgestallt.