
De Coronavirus ass en neie Virus, wou eng Rei Saachen nach net gewosst sinn. Vill Froe stinn nach op. Och wat Kanner ugeet. Research Luxembourg huet déi international Etüden zesumme gedroen an analyséiert. Kanner schénge manner ustiechend ze sinn a si stierwe bal ni.
De Professer Rudi Balling, Direkter vum Luxembourg Centre for Systems Biomedecine op der Uni Lëtzebuerg, huet sech déi wëssenschaftlech Etüden iwwer Kanner a Corona ugekuckt. Dat zesumme mat der Kannerdoktesch Isabel De La Fuente Garcia.
Sécher ass, datt Kanner sech kënnen ustiechen, seet den Dr. Balling, mä fir de Rescht ginn et vill Onkloerheeten.
"Kinder sind zum größten Teil asymptomatisch- haben also keine Symptome. Sie können im Prinzip infektiös sein, wahrscheinlich aber geringer. Wir wissen nicht warum, weder das eine, noch das andere."
Kanner ginn also am Prinzip manner krank, si warscheinlech manner ustiechend. A si stierwe quasi ni u Corona, just ganz, ganz seelen, sou den Dr. Balling. De Gesondheetsrisiko wär geréng, d'Konsequenze vun der Isolatioun staark. Besonnesch an den éischte Jore géifen d'Kanner an der Crèche an an der Spillschoul vill léieren.
Zu Lëtzebuerg hunn 10 Kanner wéinst dem Coronavirus missen an d'Spidol, zwee op d'Intensivstatioun, Stierffäll gouf et keng.
Seele Virerkrankunge wéi Tumeuren, Transplantatiounen, Nierenerkrankungen oder e ganzt schwaacht Immunsystem kënnen de Risk fir d'Kanner vergréisseren.
Eng Kawasaki-Syndrom-änlech-Erkrankung kënnt bei Kanner vir, dat weess och de Professer Balling, mä si wär extrem seelen. Hien nennt d'Beispill vun New York.
"3 oder 4 Kinder sind gestorben. Von 20.000. Das muss man in Relation setzen. Das ist tragisch für jedes einzelne Kind, aber es ist nicht geeignet um eine Panik zu kriegen."
Kucke misst een och speziell op d'Educateuren an de Crèchen, op d'Spillschouls- a Léierpersonal.
"In der Crèche, in der Spielschule, in der Schule haben wir eine Verantwortung für die Kinder, aber man darf den Blick nicht vergessen auf die Kindergärtnerinnen, auf das Personal. Das steht wie die Ärzte, wie das Pflegepersonal, wie die Lehrer an der Front und da haben wir eine Verantwortung.
D'Personal, dat mat de Kanner schafft, misst een also schützen an och testen.
