Brigang gepëtztGetankt ouni ze bezuelen an illegal Waffen am Auto
Zu Ettelbréck gouf e Mëttwoch den Owend e Chauffer gepëtzt, dee kuerz virdrun am Pommerlach getankt hat, a fortgefuer ass ouni ze bezuelen.
Verëffentlecht: 31.01.19 13:28, Update: 08.12.25 16:31
De Mann hat kee valabele Permis bei sech an am Auto goufen donieft nach e Messer a Pefferspray séchergestallt.
Den Auto gouf saiséiert an de Mann protokolléiert.