Reunioun zu SennengGewerkschaften hunn Doleancen duergeluecht, ma vill Konkretes ass net erauskomm

Joel Detaille
Lynn Cruchten
Zu Senneng souz d'Regierung en Donneschdeg de Mëtteg net nëmme mat de Vertrieder vun de Gewerkschaften zesummen, mä och nach mat de Vetrieder vum Patronat.
Regierung, Gewerkschaften a Patronat am Sennenger Schlass
CGFP, OGBL LCGB an d'Patronat haten esou eng Reunioun gefuerdert, fir an déi generell Exit-Strategie vun der Regierung mat agebonnen ze ginn.

Reuniounen zu Senneng / Reportage Joel Detaille

CGFP, OGBL an LCGB haten esou eng Reunioun gefuerdert, fir an déi generell Exit-Strategie vun der Regierung mat agebonnen ze ginn. Vill Konkretes ass bei der Reunioun net erauskomm. D'Gewerkschafte konnten hir Doleancen duerleeën, iwwert déi um Donneschdeg awer nach net am Detail berode gouf.

Kappzerbrieches mécht deenen 3 Syndikater virun Allem dat geplangte Pandemie-Gesetz, wou een onbedéngt wëll mat abezu ginn. En Dënschdeg ass dofir eng weider Reunioun tëscht Regierung an de Gewerkschafte virgesinn.  Eng vun den Haaptfuerderunge vu Gewerkschaftssäit bleift e Weiderféiere vum Chômage partiel, wou een awer um Donneschdeg och wéineg Konkretes gewuer gi wär.

Fir den 10. Juni gouf eng weider Reunioun fixéiert, wou en général iwwert d'Exit-Strategie soll berode ginn. Eventuell kéint dës dann och ënnert der Form vun enger Tripartite sinn, wat awer nach net fest stéing.  Fir d'Gewerkschafte wier eng Reunioun zu 3, also mam Patronat, op alle Fall den eenzege richtege Wee.

Fir de President vun der CGFP Romain Wolf war et en Donneschdeg just een Ufank:

"Wat ganz wichteg ass, datt mir elo emol erëm an den Dialog erakomm sinn a mir erëm kënne matenee schwätzen. Ech muss awer och soen, et huet awer laang gedauert, bis et esouwäit komm ass. Dat hätt u sech vill éischter misse sinn, och du wéi déi éischt Diskussiounen iwwert den Exit gefouert gi sinn, wéi d'Task Forcen opgebaut gi sinn, an an an. Do wär ee frou gewiescht, wann een dobäi gewiescht wier. Mir sëtzen haut zesummen, et si keng definitiv Entscheedunge getraff ginn, dat ass kloer. Mir gesinn eis och erëm, dat ass d'nächst Woch, dat ass positiv. Mä wat awer hannendrun elo wäert kommen, dat wësse mir nach net. D'autant plus mer am Moment nach dee Projet vun deem Pandemie-Gesetz, wat elo Covid-Gesetz heescht, wat jo dann eigentlech eng aner Etikett kritt. Mir hunn dat nach net gesinn, wat do dra steet, a mir waarden dorop, fir dat ze gesinn."

Extrait Romain Wolf

Och de Patrick Dury, de President vum LCGB, schwätzt vun engem Ufank vun de Gespréicher an ënnersträicht, datt et mam "chômage partiel" ee Knackpunkt gëtt.

"An eppes, wat mech awer extrem gestéiert huet, ass, datt ech d'Gefill hunn, datt d'Regierung sech net bewosst ass, wat eenzel Leit beim Chômage partiel u Sue verléieren. Dat heescht, mir wëssen, datt zwar festgeluecht ginn ass, datt kee kann ënnert de Mindestloun falen, dat ass och gutt, dat hu mir och matgedroen. Mir wëssen awer och, datt et Leit ginn, déi iwwert dem Mindestloun verdéngen, a mir hunn ee Plaffong, dee bei 2,5 Mol Schluss ass, dat heescht, déi Leit verléieren op d'mannst 20 Prozent vun hirem Revenue. Mir hunn och gefuerdert, datt de Chômage partiel u sech verlängert ka ginn, ënnert där Form, déi mir haut hunn, well et ass ëmmer an deem Sënn besser am Chômage partiel ze sinn, wéi wann d'Aarbechtsplazen direkt verluer sinn, mä mir hätten och gär eng Opbesserung vum Prozentsaz. An do muss ech éierlech soen, dat huet mech um Donneschdeg impactéiert, datt d'Regierung sech net richteg bewosst ass, wat dat bedeit, wann d'Leit 2-3 Méint mat där Perte vum Revenue am Chômage partiel dra sinn."

Extrait Patrick Dury

Fir d'Presidentin vum OGBL, Nora Back, war et gutt, datt d'Regierung d'Sozialpartner um Donneschdeg gesinn huet.
Zwou separat Bipartitte géifen awer net duergoen. D'Land bräicht eng gemeinsam Tripartite.

"Mir hunn och nach eng Kéier rappelléiert an zum Schluss vun der Reunioun hu mir och gefrot, wat d'Positioun finalement ass vun der Regierung, fir eng Tripartite anzeberuffen, an do krute mir dann d'Äntwert, datt elo op d'Zuele gewaart gëtt, wat déi wirtschaftlech Rezensioun ubelaangt an d'Chômage-Zuelen ubelaangt, ier eng Tripartite wäert aberuff ginn. Dat heescht, et ass elo een neien Datum fixéiert ginn, den 10. Juni, an dann ass eis gesot ginn, datt en fonction vun der Situatioun, wéi se dee Moment wäert ausgesinn, decidéiert gëtt, ob dat da Bipartite oder Tripartite wäert sinn. Mir halen awer dru fest, datt mir eigentlech elo schonn der Meenung sinn, datt mir elo schonn an der ekonomescher Kris fest drastiechen, datt mir wëlle verhënneren, datt dorausser eng allzegrouss sozial Kris gëtt an datt elo eigentlech de Moment wier, fir d'Tripartite zesumme ze ruffen."

Extrait Nora Back

No der Reunioun mat de Vetrieder vun de Gewerkschafte souzen d'Patronatsvertrieder nach um Donneschdeg eleng mat de Ministeren zu Senneng beieneen.

Patronat zefridden iwwer konstruktiivt Gespréich mat der Regierung

Fir d’Patronat war d’Reunioun mat der Regierung eng wichteg an eng konstruktiv, well een emol no 2 Méint Etat de crise de Punkt konnt maachen.

Déi kuerzfristeg Aidë fir verschidde Secteuren, déi mer jo elo schonn iwwert déi lescht Woche beschwat hunn, vum Horesca an Tourismus,  wou déi Betriber, ma och déi Salariéen an deene Betriber elo kloer Äntwerte brauchen. Do huet d'Regierung och bestätegt, datt si mat engem Pack an der nächster Woch kënnt, esou den Nicolas Bück, de President vun der UEL.

Dernieft huet een och iwwert déi laangfristeg Konsequenzen vun der Kris geschwat, wou de Luc Frieden als laangjärege Finanzminister an elo President vun der Chambre de commerce, natierlech seng Vue konnt duerleeën. An och drop gepocht huet, fir all déi Finanzementer, déi mer elo an Zukunft zu Lëtzebuerg musse maachen, z'acceleréieren, erkläert den Nicolas Bück.

Wat de Chômage partiel ugeet, géifen et dem Nicolas Buck no verschidde Méiglechkeete ginn, mat deenen ee sech duerchaus kéint ufrënnen, allerdéngs bréicht een natierlech e Gesamtpak.

Wat d’Fuerderung vun de Gewerkschaften no enger Tripartite ugeet, war ee beim Patronat méi retizent. Wann eng géif aberuff ginn, da géif een natierlech kommen, mä da misst e konkreten Agenda opgestallt ginn, wat konkret soll beschwat an decidéiert ginn.

Reaktioun vum Xavier Bettel

„De But war e gudden Austausch emol ze hunn, fir den Doleancen nozelauschteren, an net fir Decisiounen ze huelen. Dat huet och gutt geklappt.“ Sou sot et de Premier Xavier Bettel no den zwou separaten Entrevuen um Donneschdeg mat de Gewerkschaften a mam Patronat.

Et wéilt een näischt verstoppen, dofir wéilt een en Dënschdeg och en Echange hunn iwwert dat ominéist Pandemie-Gesetz.

Den Impakt vun den Zuele géif weiderhin decidéieren, wéini den Horesca-Secteur nees kéint opmaachen, sot de Premier. Et wier nach ze fréi, fir do eppes kënnen ze soen, och wann d’Infektiounszuele momentan niddreg géife bleiwen. D’Solidaritéit vun eis alleguer wier gefrot, fir dass d’Zuelen och niddreg bleiwen.

Normalerweis sollen d’nächst Woch nei Hëllefs-Mesurë kënne virgestallt gi fir d’Betriber. Et sollen nohalteg Decisioune sinn, déi den Ament nach finaliséiert géife ginn.

Eng Tripartite fënnt de Xavier Bettel fir den Ament nach net opportun. Bilateralen Austausch wier den Ament wichteg. Et wier awer och net aus ze schléissen, dass et nach virun der Summervakanz zu enger Tripartite wäert kommen.

Iwwregens huet de Premier betount, dass eng Entrevue mat de Gewerkschafte souwisou virgesi war, an dass net de gemeinsame Communiqué vun OGBL, LCGB an CGFP vun Ufanks der Woch den Ausschlag dofir ginn huet.

Schreiwes vum Gouvernement

Échanges entre le gouvernement et les partenaires sociaux concernant les mesures visant à soutenir l'économie et favoriser la relance dans le cadre de la sortie progressive de la crise COVID-19 (14.05.2020)
Communiqué par: ministère d'État

En ce jour, le gouvernement, représenté par le Premier ministre, ministre d'État, Xavier Bettel, les Vice-Premier ministres, Dan Kersch et François Bausch, ainsi que les ministres Pierre Gramegna, Corinne Cahen, Romain Schneider, Lex Delles et Franz Fayot, s'est réuni avec les partenaires sociaux pour faire le point sur les mesures entreprises jusqu'à présent pour limiter la propagation du COVID-19 dans la société, ainsi que sur les dégâts collatéraux liés directement et indirectement au virus, touchant les citoyens et les entreprises au quotidien.

Ceci fut un échange et un dialogue important sur la situation économique et sociale actuelle, y compris les évolutions sur le marché du travail et de l'emploi. Les discussions ont notamment porté sur les diverses pistes en vue de la relance économique sur le moyen et long terme.

«Nous travaillons actuellement sur un plan visant à relancer, voire renforcer, notre économie – et par conséquent également l'emploi. Il était donc important pour le gouvernement d'être à l'écoute de nos partenaires, d'entendre leurs préoccupations et inquiétudes face à l'avenir, ainsi que leurs propositions et conseils concrets », a noté le Premier ministre suite à ces échanges « ouverts, honnêtes et constructifs».

Du côté des partenaires sociaux, ont participé à ces échanges les représentants de l'OGBL, du LCGB, de la CGFP et de l'UEL.

Back to Top
CIM LOGO