CGFP iwwert de Fall Christian SchleckGewerkschaftler ënner Drock setzen ass inakzeptabel

RTL Lëtzebuerg
An engem Communiqué ass Rieds vun engem No-Go, datt Gewerkschaftler op hirer Aarbecht ënner Drock géife gesat gi wier net ze akzeptéieren.
© RTL

Am Dossier Christian Schleck mellt sech elo och d'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP ze Wuert.
An engem Communiqué ass Rieds vun engem No-Go, datt Gewerkschaftler op hirer Aarbecht ënner Drock géife gesat gi wier net ze akzeptéieren.

Am genannte Fall géing der CGFP en Dokument virleien, aus deem kloer ervir geet, datt beim President vum Arméigewerkschaft SPAL de Lien tëscht senger Gewerkschafts-Aktivitéit an enger Versetzung op der Aarbecht kéint gemaach ginn.

Den Etat-major hat en Donneschdeg an engem Communiqué d'Behaaptung zeréck gewisen, datt de Christian Schleck wéinst Aussoen a senger Funktioun als President vun der Arméigewerkschaft ënner Drock gesat gi wier an dowéinst berufflech Konsequenze misst fäerten.

CGFP: Schluss mit dreisten Einschüchterungsversuchen gegen Gewerkschafter

Back to Top
CIM LOGO