ABBL/CSSF Retail Banking StudyGewunnechte vun de Bankclienten: méi digital, méi mobil a manner Cash

Serge Pauly
An de Lëtzebuerger Butteker gëtt ëmmer manner mat Boergeld bezuelt. Och soss änneren d’Gewunnechte vun de Bankclienten.
Gewunnechte vun de Bankclienten: méi digital, méi mobil a manner cash
ABBL/CSSF Retail Banking Study: An de Lëtzebuerger Butteker gëtt ëmmer manner mat Boergeld bezuelt. Och soss änneren d’Gewunnechte vun de Bankclienten.

Virun der Pandemie hunn iwwert d’Hallschent vun de Clienten hir Akeef an de Butteker nach bor bezuelt. Nëmme véier vun zéng Clienten hunn 2019 hir Kredit- oder Debitkaart benotzt. Dat huet sech bannent dräi Joer komplett gedréint. 39 Prozent Cash, 52 Prozent Plastik. Et ass déi éischte Kéier, dass den Undeel vu Kaarten-Transaktiounen iwwert deem vu Bor-Depense läit. Dass d’Kaarten esou populär sinn, géif awer net bedeiten, dass d’Boergeld komplett verschwanne wäert, sinn déi Responsabel vun der ABBL an hirem “Retail Banking Cluster” iwwerzeegt. De Claude Hirtzig erkläert, dass d’Lëtzebuerger zënter der Pandemie esouguer méi Boergeld doheem hu wéi virdrun. Wärend dem Lockdown hätte vill Leit gemierkt, dass esou eng Reserve duerchaus wichteg kéint sinn.

Och wa vill mat der Kaart bezuelt gëtt, an dat ëmmer méi dacks kontaktlos, spille mobil Léisunge wéi Bezuele mam Handy hei am Land nach keng grouss Roll. Trotzdeem ass d’Digitaliséierung vun de Bankgeschäfter net opzehalen. Nëmmen nach 5 Prozent vun de Viremente goufen d’lescht Joer am Guichet gemaach. Virun der Pandemie waren dat nach 14 Prozent. Wärend den Online-Banking ëmmer méi wichteg gëtt, geet dann och d’Zuel vun den Agencen zeréck. 2022 ass hir Zuel vun 221 op 197 gefall. Dat ass e Minus vun 11 Prozent. Änlech Tendenz bei de Bankomater. Bannent engem Joer sinn 12 Prozent vun den Apparater verschwonnen, d’Zuel goung vu 517 op 456 zeréck. Wärend am Ausland vill Distributeuren aus Sécherheetsgrënn zougemaach ginn (Stéchwuert: Geldautomat-Sprengungen), wär hei am Land éischter déi réckleefeg Demande de Grond.

D’Lëtzebuerger “Retailbanken” hunn d’lescht Joer eng 95 Milliarden Euro geréiert. Dat ass eng Milliard méi wéi 2021. Dës Hausse fält am Verglach mat de Jore virdrun éischter moderat aus. D’Erklärung vun den ABBL-Experten: Nodeems vill vun hire Clienten wärend der Pandemie onfräiwëlleg gespuert hätten, géifen si elo erëm méi Suen ausginn a manner spueren. Mee wa se spueren, notzen si dofir ëmmer méi dacks déi sougenannten “Dépôt à Terme”. Am Laf vum Joer 2022 hätt sech de Volume vun de festgesate Suen vervéierfacht.

Staark réckleefeg ass par Konter d’Nofro no Immobiliëprêten. Am éischten Trimester vun dësem Joer ass de Volume hei vun 2,9 op 1,9 Milliarden Euro gefall. Dat ass e Réckgang vu knapp 40 Prozent.

Back to Top
CIM LOGO