“Vu Wäertschätzung keng Spuer” - esou ass de Communiqué vum Syndikat Gesondheet a Sozialwiese vum OGBL iwwerschriwwen. An hirem Schreiwes geheit d’Gewerkschaft de Membere vun der Fedas, der Federatioun vun den Acteuren aus dem Sozialsecteur, vir, e groussen Deel vum Personal an de ausserschoulesche Betreiungsstrukture fir Kanner, net adequat ze remuneréieren. Konkret geet et ëm Salariéen aus dem Kanner- a Jugendberäich, déi ënnert den SAS Kollektivvertrag zu Lëtzebuerg falen, zum Beispill sougenannt “Aide-Educateuren”. Si géifen dem OGBL no zënter 2017 an der niddregster Karriär (C1) agestallt ginn an doduerch manner wéi de qualifizéierte Mindestloun verdéngen.
Am SAS Kollektivvertrag wier d’C1-Carrière u sech virgesinn, fir beispillsweis Botzpersonal oder Leit aus dem Service technique ouni Qualifikatioun, net awer fir Personal, dat Kanner géif encadréieren.
Fréier wieren d’Educateurshëllefen, déi zwar keng héich Qualifikatioun, mä eng Basis-Formatioun hätten, am Verglach zu haut mat ronn 600 Euro Brutto méi an der Pai agestallt ginn. Dobäi kéim, datt den Terme “Aide-Educateur” am SAS-Kollektivvertrag eigentlech esou guer net géif existéieren. Eng Lacune, vun där d’Patrone géife profitéieren, fir hautdesdaags méi bëlleg anzestellen.
Och Schüler, déi fir Educateur gradué oder diplomé géife léieren a parallel an enger Struktur schaffen, géifen dacks net richteg unerkannt a bezuelt ginn. Eigentlech misste si als “Educateur en cours d’emploi” agestallt ginn.
Et wier schwéier ze soen, wéi vill Leit insgesamt concernéiert wieren. Déi Zuele géifen de Gewerkschafte virenthale ginn, heescht et vum OGBL.
D’Fedas huet schrëftlech op d’Virwërf reagéiert a bedauert, datt elo ëffentlech iwwert d’Salairë vun ënner anerem den Aide Educateuren diskutéiert gëtt. Dat wier nämlech e Sujet, deen an enger gemeinsamer Kommissioun analyséiert géif.
D’Fedas behaapt och, et hätt ee beim OGBL schonn e puer Mol no konkrete Beweiser fir déi ugeschwat Abuse gefrot, bis dato hätt een awer keng Donnéeë geliwwert kritt. D’Federatioun wier awer weider dialogbereet an optimistesch eng Léisung ze fannen, am Interêt vun de schaffende Leit am Sozialsecteur.