VIDEO - Lëtzebuerger Spuren am WeltallGovSat: Aktivitéiten ausgebaut

Pierre Weimerskirch
An der Chamber war en Donneschdeg eng Aktualitéitsstonn iwwer de Space Mining an et ass genee ee Joer hier, datt de GovSat an de Weltall lancéiert gouf.

D'Gebuertsstonn vu GovSat war 2015, wéi d'SES eng Joint-Venture mam Lëtzebuerger Staat annoncéiert huet, fir mat engem Kommunikatiounssatellit och an d'Militär-Geschäft eranzeklammen.

GovSat gehéiert zu jee 50 Prozent der SES an dem Lëtzebuerger Staat. Nodeem den 30. Januar de Lancement net geklappt hat, gouf een Dag méi spéit de Satellit an de Weltraum geschoss. De GovSat1 ass e Kommunikatiounssatellit, dee fir militäresch Zwecker agesat gëtt. An dat zanter Mäerz 2018.

Lëtzebuerg am Weltall: GovSat-Aktivitéiten ausgebaut
Um 1. Joresdag vum Lancement vum GovSat-Satellit gouf an der Chamber iwwer d'Weltall-Industrie debattéiert a gestridden ...

Capacitéite kënne virop Nato-Memberstaaten akafen. En éischte Client gouf am Abrëll déi belsch Marinn. D'belsch Fregatt huet mat Hëllef vum Lëtzebuerger Satellit a Westafrika de Golf vu Guinea iwwerwaacht. D'Schëff war op ofgeséchert Date-Kommunikatioun ugewisen. Och elo nach gëtt enk mam belsche Militär zesummegeschafft.

Viru knapp 3 Méint gouf eng strategesch Partnerschaft mat Telespazio France agaangen, déi eng enk Zesummenaarbecht mat der franséischer Arméi erméiglecht. Och d'Lëtzebuerger Arméi notzt de GovSat1.

RTL-NEWS vum Donneschdeg: Etienne Schneider confirméiert - Lëtzebuerg flitt op de Mound - mat engem Spektrometer.

Back to Top
CIM LOGO