Lëtzebuerg hätt sech excellent aus der Course gezunn, dat virun allem duerch eng excellent Covid-Test-Strategie, déi méi laangwiereg ekonomesch Retarden ënnerbonnen hätt. Et géif een de PIB vu virun der Kris schonn am Laf vum éischte Semester vun dësem Joer erëmfannen.
Déi Corona-bedéngten ekonomesch negativ Entwécklung géif sech zu Lëtzebuerg a Grenzen halen, esou de Finanzminister Pierre Gramegna. „Mat -1,3% Rezessioun gehéiere mir zu den 3 beschte Länner an Europa.“ No 2020 stinn all d'Zeeche fir dëst Joer op gréng, esou de Minister am Chamberplenum. All déi ekonomesch Indicateure weisen an déi richteg Richtung.„Dat alles wäert matsechbréngen, datt mer eng Croissance wäerten hunn vu ronn 4% fir dëst Joer. Domadder wäerte mir fäerdeg bréngen am éischte Semester vum Joer 2021 de Räichtum vu virun der Pandemie erëmzefannen.“Eng Croissance déi Dank de Mesuren an Hëllefen, déi en Place gesat goufen, realiséiert gouf, esou de Minister. „Pro Kapp bezéie sech d'Hëllefen zu Lëtzebuerg op 4.928 Euro. Domat si mer Spëtzt an Europa.“Hei iwwer 11 Milliarden Euro an de Chômage partiel, de Congé pour raison familiale, Hëllefe fir Betriber, an Investitiounen an de Santéssecteur investéiert.Et hätt een nach am Dezember d'lescht Joer e Budgetsrapport fir 2021 ugeholl, dee vun engem Minus vu Ronn 5,1 Milliarden Euro ausgaangen ass, esou de Finanzminister.„Mir hunn d’Joer elo ofgeschloss mat ronn -3,3 Milliarden, also 1,8 Milliarde besser, ewéi erwaart. Et stëmmt: -3,3 Milliarden, dat sinn 5,2% vum PIB, den héchsten Defizit, deen dëst Land säit dem Zweete Weltkrich kannt huet. Mä et ass déi aussergewéinlechst a plëtzlechst Krise, déi mir zanter deem kannt hunn.“Am Kader vum neie PRR, dem europäesche Plang fir d'Relance a Résilience wärend der COVID-Kris, kritt Lëtzebuerg 93,5 Milliounen Euro fir Ëmweltprojeten an d’Digitalisatioun weider auszebauen. Grouss Deeler vun den aktuellen Investissementer wiere méi gréng, ewéi d'Europäesch Unioun dat bis ewell géif fuerderen.„Do, wou een dat am Spektakuläerste gesäit, ass bei eisen 20 Projeten, déi mer rezent individualiséiert hunn. Do hu mer 61% un Investissementer déi an de Klimaschutz ginn, 37% waren d'Virgab. A fir déi digital Reformatioun areeche mer 32%, do war d'Virgab 20%.“Enn der Woch ginn d'Lëtzebuerger Finanzpläng, esouwuel de PSC, de Stablilitéits- a Wuesstemsprogramm, wéi och de PNR, den nationale Reform Programm, op Bréissel geschéckt. Wat d'Staatsschold ugeet, bléif een och an de nächste Joren ënnert den 30 Prozent vum PIB, esou de Pierre Gramegna.
