
Am Ganze goufen 21 Persoune kontrolléiert. Bei zwou vun hinne goufe geréng Quantitéite vun Droge fonnt. Géint eng vun hinne gouf en Avertissement taxé verhaangen a géint déi aner gouf eng Plainte beim Parquet gemaach.
D’Drogen, 2 Handyen a geréng Zomme Boergeld goufe saiséiert.
Insgesamt waren 19 Polizisten a Polizistinnen vu verschiddene Policebüroen a vun der Hondsstaffel um Asaz bedeelegt. D’Stroossen, an deene kontrolléiert gouf, ware wärend dem Asaz fir den Trafic gespaart.