CGDISDräi Blesséierter bei Accidenter am Laf vun en Donneschdegowend

RTL Lëtzebuerg
Véier Asätz gouf et fir d'Rettungsekippe vum CGDIS am Laf vun en Donneschdegowend, dovunner ass an dräi Fäll jeeweils eng Persoun blesséiert ginn.
© Laurent Weber

Kuerz virun 20 Auer hat e Motocyclist op der RN10 tëschent Steenem an Iechternach eng Chute a gouf dobäi verwonnt, ëm hien hu sech d'Secouriste vun Iechternach wéi och de Rettungshelikopter vun der Air Rescue gekëmmert.

Selwechten Zenario da géint 23:20 Auer op der A6 tëschent Arel a Briddel-Capellen, och hei mat engem Blesséierten. Op der Plaz waren d'Rettungsekippe vu Mamer an aus der Stad.

An der Neiduerfer Strooss am Neiduerf ass dann no Hallefnuecht, um 0:39 Auer, en Auto an en anere geparkten Auto gerannt. Och hei ass eng Persoun verwonnt ginn, am Asaz waren d'Stater CGDIS-Ekippen.

Back to Top
CIM LOGO