Eng éischte Kéier kënnt d’Pride um Freideg a Samschdeg rëm zréck an d’Haaptstad a soll vun elo un ëmmer ofwiesselnd an der Stad an zu Esch organiséiert ginn.
D’Organisateure freeë sech iwwert déi ëmmer méi grouss Bedeitung vum Evenement. An engems weise vill Kommentaren am Internet notamment, datt d’Reeboufaarwen nach ëmmer polariséieren an d’LGBTIQ+ -Themen dacks ganz vill Haass a Widderstand generéieren.
Wat bedeit d’Pride an dësen opgehëtzten Zäiten? Wéi dem Haass begéinen? A wéi schneit Lëtzebuerg bei de Rechter vu queere Persounen of, an enger Zäit, an där de gesellschaftleche Fortschrëtt schéngt ze stagnéieren?
Dat schwätze mer de Moien mam Andy Maar, Comitésmember vu Rosa Lëtzebuerg. De Vertrieder vum Organisatiounsteam vun der “Pride Week” ass um 8 Auer eisen “Invité vun der Redaktioun”.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.