Entwécklungszesummenaarbecht méi no bréngen30 Milliounen Euro fir néng Projete geplangt

Charel Frisch
30 Millioune fir néng Projeten, déi de Leit sollen d'Entwécklungszesummenaarbecht mei no bréngen. Dat huet den Ausseminister Xavier Bettel dëser Deeg zesumme mat 21 bedeelegten ONGen offizialiséiert. Si sinn de Kär vun der Reforme vun der "Education à la Citoyennité Mondiale", kuerz ECM déi am Mäerz 2024 virgestallt gouf a wou elo Konventioune mat den implizéierten ONGen ënnerschriwwe goufen.
© Charel Frisch

Eng méi effikass a koordinéiert Sensibiliséierung z.B. a Schoulen iwwert d'Entwécklungshëllef, dat war d’Zil vun der Reform, déi virun zwee Joer annoncéiert gouf an nawell fir Ramouers am Secteur gesuergt hat. Eng Finanzéierung vum Kooperatiounsministère gëtt et elo just nach, wann d’ONGe sech a Konsorten zesummendinn. Wat fir en Effekt dat op d’Aarbecht vun enger ONG huet, erkläert d'Direktesch vun der Fondation Partage Luxembourg, d’Denise Richard:

“Et huet et verännert an engem Sënn, also wann der méi Käpp zesummestréckt, da sidd der méi innovativ, do kommen op eemol Iddien, dat gëtt méi dynamesch, dat fanne mir eigentlech ganz positiv.

Kooperéiert hätten d’ONGe virdrun zwar och schonn, mee just fir vereenzelt Aktiounen. Dofir gesäit och d’Nicole Ikuku, Direktesch vum Cercle de Coopération vun den ONGen, déi nei Approche positiv:

“Dës Kéier ass et anescht, well se net just Aktiounen zesumme plangen, mee Programmer zesumme plangen an och nach Programmer net méi op dräi Joer, mee op fënnef Joer, wéi et deemools war an dat ass genial fir (kënnen) eng Projektioun am Viraus ze wëssen, wou mer higinn an zesummen higinn.”

Dass d’Reform ganz am Sënn vun der internationaler Kooperatioun an den ONGe wier, fënnt och de Kooperatiounsminister Xavier Bettel:

Dofir ass et de Moment wou ech wierklech zefridde sinn, dass mer et fäerdeg bruecht hunn. Et war net einfach am Ufank, dir wäert och verschiddener héieren, am Ufank wiere se skeptesch gewiescht, mee ech mengen, dass duerch d’Zesummenaarbecht mat menge Mataarbechter och am Ministère mer et fäerdeg bruecht hunn, eppes wierklech Positives ze maachen, wou d’Resultater sech och wäerte weise kënnen.

Geplangt ass iwwerdeem och eng “Maison des ONGD” am Garer Quartier, déi Enn vum Joer soll hir Dieren opmaachen.

Back to Top
CIM LOGO