
Am Auto wieren 3 Persounen an den Automobilist wier an de leschten Deeg schonn e puer mol duerch Verfolgungsjuegten opgefall.
De Chauffer ass op Lëtzebuerger Terrain iwwer Lénger, Uewerkäerjeng an Nidderkäerjeng a Richtung Rond-point Biff gerannt an dat op eng zimmlech geféierlech Aart a Weis. Hei hunn déi belsch Polizisten den Auto dunn aus den Ae verluer.
Direkt e puer Lëtzebuerger Patrulle sinn an déi Géigend gefuer a konnten den Auto op der Héicht vun der Rue Nic Meyers zu Nidderkäerjeng erëmfannen, dat duerch d’Hëllef vun Aenzeien.
Am Auto war deen Ament awer just nach eng Persoun. Dës ass mam Auto op en Neits a Richtung Nidderkuer geflücht an huet dobäi bal e Beamte vun der Police ze pake kritt, dee probéiert hat mat sengem Motorrad d’Flucht ze verhënneren.
Wärend der Course-poursuite huet de Chauffer dunn am Rond-point Nidderkuer d’Kontroll iwwert den Auto verluer an ass frontal an e Luuchtepotto gerannt. E gouf dobäi liicht verwonnt a konnt vun de Beamten immobiliséiert ginn.
Déi zwou aner Persoune konnte bis elo net fonnt ginn.
Den Drogentest beim Chauffer war positiv, an der Belsch gëtt et e Fuerverbuet géint de Mann an den Auto war weder ugemellt nach verséchert. Am Auto goufen divers Droge fonnt, eng Machete, Pefferspray an en Handy. De Parquet gouf informéiert an de Mann gouf festgeholl.
D’Police seet der Bevëlkerung Merci, dass duerch hir Informatiounen de Mann méi séier konnt fonnt ginn.