Festival des MigrationsGrouss Changementer a 40 Joer

Diana Hoffmann
Ganz kleng op der Plëss ass et lassgaangen, mat haaptsächlech véier Communautéiten. Haut, 40 Joer méi spéit, ass een dovunner wäit ewech.

Wéi géing Lëtzebuerg ouni seng Multikulturalitéit ausgesinn? Dëse Festival géing et net ginn. Wou Renseignement, Iessen, Drénken a Musek d’Leit verbënnt. Net ëmmer war den Event esou grouss. «Am Ufank huet de Festival aus just e puer Stänn bestanen. Mer hunn mat engem Zelt op der Place d’Armes ugefaangen», seet den Umberto Picariello, Vizepresident vum Clae.

Festival des Migrations
Grouss Changementer a 40 Joer

Villes huet sech zanterhier verännert. Zu de Migrante vun der éischter Stonn hunn haaptsächlech Italiener, Spuenier, Portugisen a Kapverdianer gehéiert. Den Otilio Moreira lieft zanter 35 Joer hei. Sech an der Kapverdianesch Communautéit ze engagéieren huet fir hien e gudde Grond. «Et ass fir eis Kultur vum Cap Vert ze weisen. Haaptsächlech eise Kanner, déi hei gebuer sinn, an de Cap Vert net kennen. Fir hinnen ze weisen, dass mer och eis Kultur hunn», seet den Otilio Moreira vun der Ami Ku Nhôs Asbl.

Iwwer déi lescht Joren hu sech awer och vill nei Associatioune gegrënnt. Leit, déi hu musse wéinst Krich, Honger an Aarmut hiert Land verloossen. Aus Syrien, dem Iran, der Ukrain oder Afghanistan fir just e puer ze nennen. «Mir weisen hei traditionell Saachen, wéi Kleeder, iessen an sou weider. Et ass fir eis immens wichteg, well eis Communautéit nach zimmlech nei am Land ass, well mer dat weisen. Well an de Medien stëmmt net ëmmer alles, wat gewise gëtt», sou d’Marjan Abassi, vun der Afghan-Lux-Community.

Fir vill vun den Mënschen déi um Festival present sinn, ass Lëtzebuerg zwar hier Heemescht, mee d’Verbindung zum Hierkonftsland, an natierlech deels zu der Famill, bleift. No dem schwéieren Äerdbiewen an der Tierkei a Syrien wëllt een hëllefen. Dëst Joer wier alles anescht, betount den M. Yilz vum Centre Culturel des Alevis de Moselle. All d’Recetten, déi gemaach ginn, géingen un d’Affer vum Äerdbiewen.

Dat selwecht gëllt fir d’Association des Kurdes au Luxembourg, déi sech extra rezent gegrënnt huet, fir mat hirem Asaz Donen fir d’Affer a Syrien ze sammelen. « Mir wëllen all d’Suen, déi mer sammelen a Syrien schécken, et ass net fir eis», betount de jonken Abdi Rojdi vun der Association des Kurdes au Luxembourg.

Et geet also um Festival net just ëm de Spaass a gutt iessen. Och politesch Fuerderunge gi gestallt, ënnersträicht d’Präsidentin vum Clae, d’Pascale Zaourou. D’Haaptfuerderung vum Clae ass dëst Joer, dass soll e Ministère de la citoyenneté geschafe ginn.

Fir d’Gesellschaft matzegestalten, muss een awer och bei Wale matmaachen. Dofir gouf et och e Stand, fir d’Landsleit ouni lëtzebuergesch Nationalitéit ze informéieren, dass och si sech kënnen dëst Joer fir d’Gemengewalen aschreiwen. Den Interessi hei wier immens grouss gewiescht.



Back to Top
CIM LOGO