
Hir Membere goufe vum Minister François Bausch doriwwer informéiert, wou d'Investissementsprojete vun deenen engen an d'Infrastrukturprojete vun deenen aneren dru sinn.
Dono gouf festgehalen, dass vill Projete vun de Bâtiments publics ënnert dem Budget bleiwen, deen an der Chamber gestëmmt gouf, mä dass deen een oder anere Projet vun de Ponts&Chaussées alt emol méi deier ausfält wéi virgesinn.
De Minister Bausch huet dann och ugekënnegt, dass KPMG den Zouschlag krut, fir eng Pre-Etüd iwwert de Suivi vu Ponts & Chaussées-Projeten ze maachen.
„Am Stroossebau si mer net sou gutt, well deen een oder anere Projet méi deier gouf wéi geplangt, soudass d'Chamber eventuell Sue muss noschéissen: Ponts&Chaussées ass sech dem Problem awer bewosst a kuckt, wat ee verbessere kann!“: Dat sot den Eugène Berge no enger Reunioun vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun vun der Budgetsexekutioun, an där et Informatiounen doriwwer gouf, wou déi eenzel Investissements- an Infrastrukturprojeten uechtert d'Land dru sinn.
Den DP-Deputéierten huet dogéint ervirgehuewen, dass d'Bâtiments publics ganz gutt geschafft hunn, well vill vun hire Projeten ënnert deem bloufen, wat vun der Chamber gestëmmt gouf. Iwwer 200 Milliounen Euro sinn an de leschte 7-8 Joer bei Projete gespuert ginn. Bei 45 Projeten ass de Budget net eemol depasséiert ginn.
Déi Sue wären also gutt ugeluecht gewiescht, woubäi awer och z.B. d'Nei Bréck an der Stad - e Projet vu Ponts&Chaussées - 30% méi bëlleg gi wär wéi virgesinn. Wat d'Dauer vun de Projeten ugeet, wär een iwwerdeems méi oder wéineger iwwerall an den Delaien, sou den Eugène Berger.