OGBL/LCGB/CGFPHaalt op mat Ärem Cavalier-Seul a fänkt endlech mam Sozialdialog un

Carine Lemmer
Jeannot Ries
Ufanks eng Ausnamereegelung, behaapt sech d'Gewerkschaft elo drop, dass dës Verlängerung vun den Aarbechtsstonnen kloer misst ophalen.
OGBL, LCGB a CGFP kritiséiere Regierung
Ufanks eng Ausnamereegelung, behaapt sech d'Gewerkschaft elo drop, dass dës Verlängerung vun den Aarbechtsstonnen kloer misst ophalen.

Déi 3 grouss Gewerkschaften am Land - CGFP, LCGB an OGBL – vermëssen de Sozialdialog mat der Regierung.

D'Gewerkschafte fille sech an der aktueller Corona-Kris guer net agebonnen.

De Ras-le-Bol ass do bei de Gewerkschaften insgesamt, seet d'Nora Back, Presidentin vum OGBL. D'Regierung wéilt de Sozialdialog net mat de Vertrieder vun de schaffende Leit.

Nora Back vum OGBL

Patrick Dury vum LCGB

Zënter dem 27. Mäerz 2020 hunn déi Entreprisen, deenen hier Aktivitéit als essentiell ugesi gëtt, d'Recht gehat, eng Verlängerung vun den Aarbechtsstonne pro Dag unzefroen. Also vun 8 Stonnen op 12 Stonnen, respektiv 60 Stonnen an der Woch. Ma dës Mesure huet awer elo missten e Méindeg mam Deconfinement ophalen... Den LCGB stellt awer fest, dass d'Regierung dës Reegelung genee um Dag vun der zweeter Déconfinamentsphas nees agefouert huet, dat ouni eng Motivatioun an ouni d'Gewerkschaften doriwwer z'informéieren oder ze consultéieren, wéi et an engem Communiqué vun der Gewerkschaft heescht.

Domat hätt ee ville Secteuren elo d'Dier opgemaach, fir vun där Dispositioun ze profitéieren, fir esou Retarden aus de leschte Wochen opzehuelen.

Den LCGB hält dëst fir inacceptabel a fuerdert, dass dës Ausnamereegelung vun der Regierung zeréckgezu gëtt. Esou eng Verlängerung dierft just als eng allerleschten Noutléisung gëllen, sou dass d'Gewerkschaft vun Ufank un éischter dozou opgeruff huet, d'Zuel u Personal z'erhéijen, fir esou ze garantéieren, dass d'Rouzäiten agehale ginn.

Et bedauert een, dass dëst net consideréiert gouf an dass elo dës Mesure och am Deconfinement nees gräift. Weider weist den LCGB drop hin, dass dës Mesuren am Alleingang vun der Regierung, ouni de Sozialdialog mat de Gewerkschaften, ëmgesat goufen.

OGBL, LCGB a CGFP sinn och skeptesch, wat dat geplangte Pandemie-Gesetz ugeet. Wat kënnt do dran? Och hei géif net mat hinne geschwat ginn a fir sou e wichtegt Gesetz wär d'Regierung och spéit un, fir dat uerdentlech am Virfeld ze diskutéieren.

"Was nun, Herr Staatsminister?" Mat der Prezisioun vu Gewerkschaftssäit, datt de Ras le bol do wier. Ganz schlecht ukomm ass, datt déi Gewerkschaften iwwer d'Press hu misse gewuer ginn, datt e Pandemie-Gesätz an der Maach wier. Scho guer net dervun ze schwätzen, datt se wësse géifen, wat dran steet. Fir d'Gewerkschafte gëtt et eng Partie No Goen. Ugefaange mat de generelle Rechter vun de Bierger.

"Beim Etat d'urgence si Saachen agefouert ginn, déi d'Fräiheet vun de Leit zum Deel beanträchtegen. Dat geet natierlech bis an d'Privatliewen. Wat mir op kee Fall wëllen, dat ass, datt dat elo festgeschriwwe gëtt. Datt dat net nëmme gëllt fir den Etat d'urgence. Ma datt dat do eriwwer erausgeet.", sou de Romain Wolff, President vun der CGFP.

Op der anerer Säit géif et Krisen-Instrumenter, déi kloer verbesserungsfäeg sinn.

"Mir hunn eng ganz Rei u Fuerderungen un d'Regierung gereecht. Zum Beispill d'Verbesserung vum Chômage partiel. Mir hunn iwwer 40% vun de Leit am Land, déi am Chômage Partiel sinn. Déi verléieren all Mount Suen. Wéi gi mer do vir? D'Ofsécherung vun den Existenzen. Mir wëssen net, wat kënnt? Komme Faillitten? Komme keng Faillitten? A mir wëllen net iwwerrascht ginn. Ech mengen, datt dat Pandemie-Gesetz do natierlech een Element vun deem Ganzen ass. Dat ganz schlecht Gefill, wat mer zu 3 an dëser Situatioun hunn, ass, datt hei iwwer e Gesätz diskutéiert gëtt, wou mir emol net wëssen, wat richteg dra steet. An ech mengen dat mannst wier gewiescht, datt hei mat de Gewerkschaften am Virfeld diskutéiert géif ginn.", sou de Patrick Dury, President vum LCGB.

Wéi steet et ëm d'Demonstratiouns-Recht? Eng weider Fro vu Gewerkschaftssäit. Dat wier och en Aspekt vum Deconfinement an dësen Zäiten. Gewerkschaften, déi sech den Ament, eleng, ganz eleng gelooss villen.

"Wann ech da kucken, datt sou e Pandemie-Gesetz elo relativ séier muss gestëmmt ginn. Wann een dann och an der Press liest, datt et elo ganz séier och virgeluecht gëtt. A wann ee gesäit, datt och d'Oppositiounsparteie bal keng Zäit hunn, fir och nach dorop ze reagéieren. Da wonneren ech mech och, datt vun där Säit net méi kënnt.", sou de Romain Wolff vun der CGFP.

PDF: Schreiwes vu CGFP/LCGB/OGBL

Back to Top
CIM LOGO