Neien Tool fir de Reseau ze préiwenHält Är Internetverbindung, wat se versprécht?

Anne Wolff
Fir sécher ze sinn, dass een op d'mannst doheem och déi Leeschtung kritt, déi ee bezilt, kann ee lo selwer aktiv ginn.
© AFP

Dofir gëtt et elo eng offiziell Plattform vum Lëtzebuerger Regulatiouns-Institut ILR (myilr.lu), dat hei am Land d‘Entwécklung vun den Reseauen iwwerwaacht.

Neien Tool fir Internetverbindung ze préiwen / Reportage Anne Wolff

Iwwert eng interaktiv Kaart kann een no senger Adress sichen a kucken, wéi eng Connectioun do theoretesch disponibel ass, ob also zum Beispill Glasfaser an der Strooss läit. Donieft kann een iwwert de Site vum ILR och déi effektiv Vitess vun der eegener Connectioun testen, erkläert de Luc Tapella, Direkter vum Institut.

“Wann een dann op de Site geet, kann ee verschidde Moossunge maachen, a wann déi Resultater wäit ewech si vun deem, wat een a sengem Kontrakt huet, da kann een eng Mediatioun maachen. Den Ilr ass do de Mediateur tëscht dem Konsument an dem Operateur.”

Ausserdeem gesäit een op där Kaart, wéi een Operateur an de verschiddenen Deeler vum Land déi beschte Mobilcouverture huet.

Lëtzebuerg wier generell gutt ofgedeckt, op d’mannst mat 4G. Dat géif och duergoen, fir a gudder Qualitéit ze streamen. Am beschte connectéiert sinn d’Zentrum an de Süde vum Land. Allerdéngs, e puer Funklächer an den Däller an an de Bëscher wieren net z’evitéieren. Déi méi séier Connectioun 5G wier och hei am Land am Ausbau: Aktuell léich ee bei 50% Couverture, bis Enn 2024 sollen et 90% sinn.

Anescht ewéi an Däitschland wier och keen Ierger wéinst de chineesesche Firmen Huawei an ZTE z’erwaarden, esou de Luc Tapella, well een zu Lëtzebuerg op europäesch Firme wéi Ericsson an Nokia gesat hätt. Am Nopeschland schéngt d‘Regierung déi chineesesch Hiersteller fir de 5G verbidden ze wëllen, well ee wuel Spionage fäert, awer och, dass am Fall vun engem Konflikt dat däitscht Netz einfach kéint ofgeschalt ginn.

Am Fall vun esou engem Verbuet misste bei den Noperen eng ganz Rëtsch Komponenten ausgetosch ginn - eng deier Affär. Lo fäert een, déi Käschte misst de Konsument bezuelen.

Back to Top
CIM LOGO