"Mir mussen aus dem Schlamassel eraus"Handwierker fuerderen: All d'Restriktioune ganz seriö op de Leescht huelen

Jeannot Ries
Pierre Jans
Am Summer géifen d'Aiden auslafen. D'Betriber missten och d'Méiglechkeet kréien, nees normal ze fonctionéieren.
Handwierkerkummer: Iwwer Enn vu Restriktiounen nodenken
Wann d’Aiden am Summer auslafen, missten d’Betriber d’Méiglechkeet kréien, nees normal ze fonctionéieren, sou de Romain Schmit.

Absencen an de Betriber / Reportage vum Pierre Jans

“Mir mussen aus deem Schlamassel hei eraus”, sou de Romain Schmit, Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun. Wann d’Aiden am Summer auslafen, missten d’Betriber och d’Méiglechkeet kréien, nees normal ze fonctionéieren. Den Zäitpunkt wier komm, iwwer en Enn vun de Restriktiounen nozedenken. Am Intressi vun den Handwierksbetriber, awer och vun de Leit, déi do schaffen.

“Lëtzebuerg. D’Administratiounen, d’Ministèren, d’Regierung. Jiddwereen ass an enger Aart Corona-Phobie. Et weess een einfach net méi wouhin. Et huet e bal d’Impressioun, mir wéilte guer net méi eraus”, sou nach de Romain Schmit.

Als Patron vum Grupp Socom beschäftegt de Marc Thein eng 1.130 Leit. “Mir erliewen den Ament eng schwiereg Situatioun”, sou seng Aschätzung. Jee no Woch sinn 12 bis 18% vun de Mataarbechter net do.

De Marc Thein vu Socom erkläert: “Mir ginn dervun aus, datt ongeféier en Drëttel vun deene Leit, déi net do sinn, effektiv positiv sinn. Bei deene jonke Mataarbechter, wou d’Kanner an der Schoul sinn, dat weess jiddwereen, d’Schoul ass e Facteur, wou ganz vill de Coronavirus véhiculéiert. do hu mer wierklech vill Leit, wou doheem musse bleiwen an der Isolatioun. Déi awer net krank sinn. Och wa se positiv sinn, do si vill Leit, déi wierklech net krank sinn a sech froen, wéi kann ech eppes maachen? Déi Leit vum Büro kënnen Teletravail maachen. Dat klappt. Déi Leit um Schantje oder, wéi bei eis, am Atelier déi Tableaue bauen, déi ginn hei gebaut an net doheem.”

Um Bau géif ee generell soen “wann de Grutier feelt, da leeft de Chantier net”. Et wier eng komplizéiert Zäit. Och fir déi Ekippen, déi do sinn. Si wieren zum Deel duebel gefuerdert. Als Patron spiert de Marc Thein och, datt Mataarbechter ufänken, d’Moral ze verléieren.

“Et mierkt een, datt d’Leit um Enn vum Rouleau sinn. Do musse mer elo ganz ganz dréngend eppes maachen, well soss sinn d’Konsequenze vun deem Isolement, vun där Quarantän an alles, wat mer elo maachen, wat warscheinlech virun engem Moment absolut richteg war, dat ass kontraproduktiv an d’Leit falen dann duerno an aner Krankheeten eran, déi méi op der psychescher Säit leie wéi op där Gesondheetssäit vum Corona aus gekuckt”, sou de Patron vu Socom weider.

Den 3G-Regime géif mat sech bréngen, datt Mataarbechter sech vum Patron kontrolléiert fillen. “Et ass schwiereg fir d’Betriber, fir Gesondheetspolitik duerchzesetzen”, soen déi Responsabel vun der Handwierkerfederatioun.

“Wat vill diskutéiert gëtt, ass d’Spärstonn am Horeca-Secteur. Ech mengen, dat wier net onwichteg. Fir de Rescht, et sinn iwwerall souvill Restriktiounen. Och am private Liewen. Zu wéi vill een däerf zesummekommen. Wéi ee sech kann organiséieren a sou weider a sou fort. Ech mengen, mir missten dat alles eng Kéier ganz seriö op de Leescht huelen an eis froen, ob mer dat nach alles brauchen”, sou de Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun.

RTL-NEWS: Betriber struewele wéinst Absencë beim Personal

Back to Top
CIM LOGO