Bilan vum WaasserwirtschaftsamtHéichwaasser koum wéi virausgesot - schonn drëtt Alerte rouge dëst Joer

Sarah Cames
En Donneschdeg sinn d'Peegelen uechter d'Land deels zolidd geklommen. Et ass 2024 scho fir d'Drëtt, datt eng Alerte rouge misst ausgeruff ginn.

Wéi d’Waasserwirtschaftsamt sech op Héichwaasser preparéiert, wéi genee d’Previsiounen dës Kéier zougetraff hunn, a wéi eng Roll de Klimawandel spillt, doriwwer hu mir mam Olivier Jeitz vum Waasserwirtschaftsamt geschwat.
“Et war esou, dass mer gëschter Owend e relativ groussen Ustig vun eise Peegelen haten, wat mer och esou virausgesot haten”, erkläert den Olivier Jeitz. Nodeems d’Peegelen en Donneschdeg am Laf vum Dag hiren Héchststand erreecht haten, gi se, Stand Donneschdeg den Owend, nees iwwerall erof. “Dowéinst si mer och elo de Mëtten aus der Alerte rouge erausgaangen.” Zwar wieren duerch vereenzelte Reen nach emol minimal Haussë vun de Peegelstänn méiglech, ma d’Tendenz géif elo allgemeng nees no ënne weisen.

Den Niveau vum Héichwaasser wier dann och allgemeng esou gewiescht, wéi et een et sech beim Waasserwirtschaftsamt erwaart hat. Op véier verschiddene Peegelstänn gouf Cote d’alerte bei dësem Héichwaasser iwwerschratt, ma allkéiers just knapps. Et hätt een also um ënneschte Bord vun der Alerte rouge gekraazt.

Datt d’Prognosen esou genee zougetraff hunn, läit net zulescht dorun, datt ee fréi mat den Héichrechnungen ufänkt, erkläert den Olivier Jeitz:

“Normalerweis fänke mer scho puer Deeg am Virfeld un domadder ze rechnen an ze kucken, wéi d’Situatioun sech entwéckelt. A mir haten elo effektiv vu gëschter [Mëttwoch] Moien u gesinn, dass et haaptsächlech den Nordwesten an de Weste vum Land wär, wou de meeschten Néierschlag erofgoe géif. An deementspriechend hate mer och dann d’Atert an d’Äisch an d’Uelzecht vu Miersch un am Fokus. An dat ass och effektiv sou do komm. An och Plus Minus sinn déi Héichten erreecht ginn, déi mer elo erwaart haten.”

Gewësse Onsécherheete wieren bei der Berechnung allerdéngs ëmmer dobäi, well ee mat Ree misst rechnen, deen nach guer net gefall wier, erkläert de Chef d’unité beim Waasserwirtschaftsamt. Och d’Verdeelung vum Ree géif sech heiansdo nach änneren. Ma allgemeng wier et esou, datt ee mat de Prognose méi genee kéint ginn, wat ee méi no un den Zäitpunkt X erukënnt.

Wéini schwätzt ee vun enger Cote d’alerte?

Den Olivier Jeitz huet dann och nach e puer Explikatiounen zu den Termen “Cote d’alerte” a “Cote de prealerte” ginn. Gëtt eng “Cote de prealerte” iwwerschratt, da geet een an d’Alerte orange. “Dat heescht, dass et schonn zu klengen Iwwerschwemmunge komme kann, wou et och schonn éischt kleng Schied ka ginn oder Stroosse musse gespaart ginn.”

Gëtt d’"Cote d’alerte” iwwerschratt, da geet een an d’Alerte rouge iwwer. “An dat heescht eeben, dass dann eebe méi grouss Iwwerschwemmunge kommen, wou och kënne méi Haiser betraff sinn, wou och méi aner Fläche wéi Parkingen etc. kënne betraff sinn.”

Den Olivier Jeitz huet am Interview iwwer d'Héichwaassersituatioun geschwat.
Den Olivier Jeitz huet am Interview iwwer d’Héichwaassersituatioun geschwat.
© RTL

Dës Definitioune ginn och vun anere Servicer konkret genotzt, fir sech ze preparéieren: “Déi Coten, déi sinn objektiv u lokal Bedéngungen definéiert an déi sinn am Fong och en Hëllefsmëttel fir den CGDIS, fir d’Gemengen, awer och d’Particulieren, fir dee Moment déi néideg Precautiounen ze huelen an dann eventuell Barrièren opzeriichten oder Saachen aus dem Héichwaasser erauszeréckelen.”

Wat d’Waasserwirtschaftsamt besser virwarnt, wat déi betraffe Regioune sech besser preparéiere kënnen - dat féiert am beschte Fall dann dozou, datt de CGDIS och op manner Asätz muss erausfueren.

Wärend engem Héichwaasser steet d’Waasserwirtschaftsamt am reegelméissegen Austausch mat den anere Servicer, notamment dem Haut-Commissariat à la protection nationale (HCPN), dem CGDIS a Meteolux. “Bei dësem Héichwaasser hate mer am ganze sechs dëser Ofstëmmungen, wou dann eeben déi verschidden Acteure sech austauschen an Informatioune weiderginn, dass och d’Informatioune spéider um Terrain ukommen.”

Mam Klimawandel kënnt et méi dacks zu Héichwaasser

Dëst Joer wier et schonn déi drëtt Kéier gewiescht, datt een eng Alerte rouge wéinst Héichwaasser hätt missen ausruffen, erkläert den Olivier Jeitz - Ufank Januar, Mëtt Mee, ab eeben elo.

Dëst stécht an de Statistiken eraus. Zanter 2019 gouf et insgesamt nämlech sechs Alertes rouges, wéi Donnéeë vum Waasserwirtschaftsamt weisen. An de Joren 2019 bis 2021 gouf et jeeweils eng Alerte rouge d’Joer, woubäi d’Héichwaasser vum Juli 2021 besonnesch schro war. An de Joren 2022 an 2023 ass et zu kenger Alerte rouge komm.

201920202021202220232024
111003

“Dat sinn eebe Phenomener, déi een elo net esou ka viraussoen. Mee wat een awer trotzdeem mierkt, elo mam Klimawandel, dass mer awer elo vill méi Héichwaasser hunn, wéi et elo fréier de Fall war.” Och am Summer kéim et vill méi dacks zu esou Situatiounen, wou et zolidd géif reenen a wou et dann ee Risk op Héichwaasser géif ginn.

Duerch dës Entwécklung géif een och vill Wäert drop leeën, Héichwaassersituatiounen am beschte scho preventiv ze entschäerfen, erkläert den Olivier Jeitz vum Waasserwirtschaftsamt. Ee vun de grousse Piliere wier d’Virsuerg.

“Do maache mer ganz vill, sief et elo iwwer gréisser Mesuren, wou gréisser Héichwaasserschutzprojeten amenagéiert ginn. Dat kënne Renaturéierunge sinn, wou dann eeben d’Waasser méi Plaz huet. Dat geet awer bis op déi ganz kleng Échelle, wou dann och d’Particuliere sech kënnen individuell schützen, wou se dann eeben och Subside kréien, fir sech eebe mat Barrièren an anere Moossname virum Héichwaasser ze schützen.”

Alerte Orange bis e Freideg: Peegele fänken un, erëm ze falen

Back to Top
CIM LOGO