Alerte Orange bis e FreidegPeegele fänken un, erëm ze falen

RTL Lëtzebuerg
Den Héichwaassermeldedéngscht huet en Donneschdeg de Mëtteg ëm 14 Auer en aktualiséierte Rapport vun de Peegele geschéckt.

Doranner heescht et, et wier vum Nomëtteg u bei de meeschte Peegele mat Waasserstänn ze rechnen, déi nees erofginn. Just un der Sauer ass nach mat Peegelen ze rechnen, déi nach liicht klamme kënnen.

Un der Uelzecht gouf den Héchststand vum Waasser schonn erreecht an och hei wäerten d’Peegelen am Laf vum Dag nees falen. Un de Peegelen zu Miersch, Ettelbréck an Dikrech sinn d’Waasserstänn Stand 14 Auer nach um Niveau vun enger “Cote d’alerte”, an de kommende Stonne soll sech d’Waasser awer och hei nees zeréckzéien.

Un de Peegelen am Pafendall an zu Steesel gouf d’Cote de préalerte an de fréie Moiesstonnen iwwerschratt. Zanterhier ass d’Waasser nees ënnert deen Niveau gefall, ma duerch neie Ree kéint sech dat séier nees änneren.

Och un der Atert an der Äisch gouf de Moien den héchste Waasserstand erreecht. D’Cote de Prealerte ass elo awer nees ënnerschratt.

Un der Sauer zu Dikrech klëmmt d’Waasser Stand 14 Auer nach, ma d’Cote d’Alerte soll an de kommende Stonnen nees ënnerschratt ginn. Och um Bollenduerfer Peegel geet nach erop. Hei wäert et awer bei enger Cote de prealerte bleiwen.

Previsiounen

Et soll ee weider virsiichteg bleiwen, heescht et vu MeteoLux. Vun en Donneschdeg bis e Freideg 13.59 Auer besteet nach Héichwaasserrisiko, wann och just liicht. Vun Aktivitéiten ronderëm Gewässer gëtt awer weiderhin ofgeroden.

Wéi den 112 matdeelt, waren d’Rettungsekippe bis en Donneschdeg virun 12 Auer wéinst am Ganzen 12 iwwerschwemmte Kellere geruff ginn. Donieft ware si wéinst 8 Beem an Äscht geruff ginn, déi ëm-, respektiv erofgefall sinn. Dovu wiere 7 Uriff un d’Ponts et chaussées weidergeleet ginn. An engem Fall war en Auto wéinst enger iwwerschwemmter Strooss an Nout geroden.

D’Cellule fir d’Bewäertung vum Wieder-Risiko (CERI) war en Dënschdegmëtteg zesummekomm, fir d’Risikosituatioun ze bewäerten. Dës hat doropshin eng Vigilance orange fir dat ganzt Land erausginn. Dës Alerte gouf am Laf vun e Mëttwochnomëtteg, kuerz no 16.30 Auer op “Rout” eropgesat.

Géint 21.50 Auer hat den Héichwaassermeldedéngscht nach emol eng Warnung erausginn, wéist dem virausgesote Staarkreen an der Nuecht op en Donneschdeg. D’Peegele sollte wéi erwaart weider klammen.

D’Cote de préalerte sollt un e puer Peegele scho viru Mëtternuecht, respektiv an der Nuecht op en Donneschdeg iwwerschratt ginn. Munch Peegele vun der Atert an der Uelzecht souwéi der Sauer sollte wuel och iwwer d’Cote d’alerte iwwerschreiden.

Méi Detailer fënnt een op inondations.luSituatioun en Donneschdeg de Moien


Kuerz no 8 Auer hat den Héichwaassermeldedéngscht en aktualiséierte Rapport vun der Situatioun vun de Waasserstänn matgedeelt. Deemno gouf erwaart, datt d’Peegelen zu Hesper, am Pafendall an zu Steesel, déi bis an de Beräich vun der Cote de préalerte geklomme waren, d’Cote d’alerte net erreeche géifen.

D’Uelzecht, déi zu Miersch an Ettelbréck iwwer d’Cote d’alerte erausgaange war, sollten iwwerdeem en Donneschdeg de Mëtteg hiren Héchststand erreechen an dono erëm falen. Och d’Sauer, déi zu Dikrech d’Cote d’alerte iwwerschratt hat an zu Bollenduerf d’Cote de préalerte, géif en Donneschdeg de Mëtteg hiren héchste Punkt erreechen. Dono sollt d’Waasser da rëm zeréckgoen.

Iwwerschwemmung zu Ettelbréck
Meteolux a placé le Luxembourg en vigilance rouge (risque de crues) ce 10 octobre 2024. La dépression Kirk a fait monter l’Alzette à Ettelbruck.

Iwwerdeem haten och d’Atert an d’Äisch d’Cote de préalerte iwwerschratt, zu Biissen souguer d’Cote d’alerte. D’Kor zu Péiteng louch ausserdeem en Donneschdeg de Moie fréi bei 2.20 Meter, wat 6 Mol méi héich ass wéi normal.

Op der Musel hat de Waasserniveau d’Cotes de préalerte net erreecht. Wéi et am Rapport vum Héichwaassermeldedéngscht steet, sinn d’Peegelen hei och schonn um falen.

Situatioun e Mëttwoch den Owend

Zu Biissen stoung d’Waasser zwar nach net an de Stroossen, ma an der Gemeng gouf sech e Mëttwoch den Owend schonn op e méiglecht Héichwaasser preparéiert.

Och zu Ettelbréck waren d’Gemengenaarbechter um Mëttwoch den Owend domat beschäftegt, de Chantier ronderëm de Parking Däich ze securiséieren. D’Uelzecht ass Stand 20.45 Auer nach net iwwer d’Ufer getrueden.

Warnung vum Nomëtteg

Vun e Mëttwoch um 16 Auer a bis e Freideg ëm Mëtternuecht gëllt fir dat ganzt Land eng “Alerte Rouge”, wéinst Héichwaasser. Et ass op ville Plaze mat Iwwerschwemmungen ze rechnen, och op Plazen, déi soss éischter net betraff sinn. Et besteet eng Gefor fir “Mënsch en Eegentum”, heescht et vu MeteoLux.

Wat d’Wieder selwer betrëfft, esou bleift MeteoLux bei enger “Alerte Orange”. Et ass mat dauerhaftem Reen ze rechen, dat tëscht 40 a 60 Liter pro Quadratmeter, plazeweis kann dat awer esouguer bis op 70 Liter pro Quadratmeter eropgoen. Mam meeschte Reen ass an der Nuecht vun de Mëttwoch op en Donneschdeg ze rechnen.

Autoritéite warnen

Et erwaart ee sech d’Spëtzestänn un de Flëss am Land en Donneschdeg de Moien tëscht 6 an 12 Auer.
Grad am Nordweste vum Land ass wéinst dem Reen domadder ze rechnen, datt d’Miessstatiounen Atert an Äisch kéinten den Alarmniveau erreechen oder esouguer driwwer klammen. Dat kéint och zu héije Waasserstänn zu Miersch an Ettelbréck féieren, wou och en “Alarmniveau” méiglech wier.

Den aktuelle Modellen no dierft dann och d’Sauer zu Dikrech respektiv zu Bollenduerf-Bréck en Donneschdeg de Moien iwwert den Alarmwäert wäert klammen. Fir d’Statiounen Hesper, Pafendall a Steesel rechent een net, datt dëst de Fall wäert ginn.

D’Autoritéite warnen d’Bierger, d’Situatioun vun den Iwwerschwemmungen an d’Entwécklung vun de Waasserstänn op www.inondations.lu an d’Wiederprevisiounen op www.meteolux.lu ze poursuivéieren, respektiv sech duerch d’Medien um Lafenden ze halen.

Och sollen d’Leit déi betraffe Regioune vermeiden an déi gespaarte Stroosse an ageriichten Ëmleedungen ze respektéieren.

Autoe vu villen Deeler vum Parking Däich evakuéieren

D’Leit sinn opgeruff, hir Autoe vum Parking an den Däichwisen ze evakuéieren a se net iwwer Nuecht stoen ze loossen, dat am beschten nach viru 17 Auer e Mëttwoch. Am Parkhaus “Am Däich” bleiwen d’Stäck 0 bis 3 op, de -1 gëtt zougemaach.

Warnung vun e Mëttwoch

Bannent 24 Stonne kënne Reen-Quantitéiten tëscht 40 a 60 Liter op de Metercarré falen. Et wier dovun ausgoen, dass de meeschte Reen e Mëttwoch de Mëtteg an an der Nuecht op en Donneschdeg fale wäert. Plazeweis kéint et zu Iwwerschwemmunge kommen. Den Héichwaasser-Déngscht vum Waasserwirtschaftsamt suivéiert d’Situatioun. De Risk vun Iwwerschwemmunge besteet vu Mëttwochowend un.

E Mëttwoch de Moie kuerz virun 11 Auer huet d’Waasserwirtschaftsamt gemellt, datt si mat der sougenannter Phase de pré-alerte géingen ufänken. Dat well d’Peegele vun der Uelzecht zu Hesper, am Pafendall an zu Steesel schonn an de Beräich vun der Cote de pré-alerte klammen. D’Waasserstänn vum Rescht vum Uelzecht-Gebitt wäerten dem Rapport no wuel géint Mëtternuecht d’Cote de pré-alerte iwwerschreiden.

Och zu Dikrech an op der Bollenduerfer Bréck ass z’erwaarden, datt d’Sauer géint Mëtternuecht iwwer d’Cote de pré-alerte klëmmt. D’Cote d’alerte kéint allerdéngs och hei iwwerschratt ginn.

Vun en Donneschdeg de Moien u wäert de Reen dann noloossen.

Plazeweis kann et zu Behënnerungen am Trafic kommen. D’Chauffere si gebieden, hire Fuerstil ze adaptéieren an opzepassen.

Am fréie Mëttwochowend huet d’Héichwaasserzentral vum Waasserwirtschaftsamt iwwerdeems d’Phase de vigilance de crue lancéiert.

Weider Informatioune fannt Dir op de Websitte vu Meteolux, Infocrise an op inondations.lu.

Éischt Precautiounsmesuren

Zu Dikrech hunn d’Ponts et Chaussée e Dënschdeg den Owend schonn d’Pontonsbréck wéinst dem erhéichte Waasserpeegel lassgemaach. Wéi d’Gemeng op Facebook matdeelt, géing dës Mesure scho virsiichtshallwer virun enger Waasserhéicht vun 2,5 Meter gemaach ginn, well et vun deem Stand un net méi méiglech ass. D’Bréck géing erëm festgemaach, wann de Waasserstand dëst erlaabt.

Weider Informatiounen am gemeinsame Schreiwes vun HCPN / Meteolux / AGE / CGDIS

Alarmstufe Orange: Warnung vor starkem Regen am Mittwoch, 9. Oktober (08.10.2024)

Mitgeteilt von: Hochkommissariat für nationale Sicherheit (HCPN) / MeteoLux / Wasserwirtshaftsamt (AGE) / Großherzogliches Feuerwehr- und Rettungskorps (CGDIS)

Die Zelle zur Bewertung des Unwetterrisikos (CERI), die heute Nachmittag zusammengekommen ist, um die Wetterlage zu bewerten, gibt eine Warnung vor starkem Regen heraus, der ab Mittwochmorgen 6 Uhr das ganze Land betreffen kann.

Innerhalb von 24 Stunden wird Dauerregen mit Regenmengen zwischen 40 und 60 l/m2 (lokal sogar mehr) erwartet, mit einem erwarteten Intensitätsmaximum ab Mittwochmittag und in der Nacht zum Donnerstag der zu Überschwemmungen führen kann. Der Hochwasservorhersagedienst der AGE verfolgt die Entwicklung der Situation. Die Gefahr von Überschwemmungen kann ab Mittwochabend eintreten. Die Aktivierung einer Hochwasserwarnung ist sehr wahrscheinlich.

Die Intensität der Niederschläge wird am frühen Donnerstagmorgen nachlassen.

In den betroffenen Gebieten kann es zu Behinderungen im Straßenverkehr kommen. Autofahrer werden gebeten, ihre Fahrweise anzupassen und wachsam zu bleiben. Die Behörden warnen die Bürger, wachsam zu sein und die Wettervorhersagen kontinuierlich auf der Website www.meteolux.lu zu verfolgen.

Die CERI wird am späten Nachmittag erneut zusammentreten.

Weitere Informationen finden Sie auf den offiziellen Websites www.meteolux.lu, www.infocrise.lu, www.inondations.lu.

PDF Alerte Orange

Back to Top
CIM LOGO