
Vun e Mëttwoch 17 Auer u funktionéieren dann och d'Gemengeservicer nees an hirem normale Rhythmus a ginn hiren eigentleche Missioune nees no.
D'Gemeng Käerjeng ass nees op, dat vun 08.00 Auer Moies bis 11.30 Auer a vun 13.30 Auer bis 16.00 Auer a kann iwwert den 500 552 1 kontaktéiert ginn. D'Mail ass info@kaerjeng.lu.
Och déi speziell Opraumaarbechten laanscht Stroossen goufen agestallt. Den ECO Center ass zu den üblechen Zäiten op. (Dënschdes: 13h00 – 17h30 ; Donneschdes: 07h00 – 13h30 ; Freides: 14h00 – 19h30 ; Samschdes: 07h15 – 15h45).
De Buergermeeschter an de Schäfferot vun der Gemeng Käerjeng soen alle Leit villmools Merci fir hiren Asaz wärend dëser Naturkatastroph.
D’Sportsinstallatiounen um Käerjenger Dribbel (Fussballterrainen an Handballshal), souwéi de Käerjenger Treff bleiwe bis ob Weideres aus Sécherheetsgrënn gespaart.
Rout Kräiz a Caritas - Nom Tornado: Fonds de Solidarité, Spendenopruff an direkt Hëllef