Op der Sich no AlternativenHolz, Kamäiner a Pellets méi attraktiv, Demande klëmmt

RTL Lëtzebuerg
Mat Gas oder Masutt hëtzen, gëtt d'Leit aktuell richteg deier. Dofir ginn Alternativen ëmmer méi beléift. Holziewen a Pellets sinn den Ament vill gefrot.
Grouss Demande a klammend Präisser och an Holzindustrie
Kamäiner, Iewen a Pellets sinn aktuell eng beléiften alternativ Energiequell. Zemools zanter dem Krich an der Ukrain si Präisser vu Gas an Pëtrol extreem héich.

De gudden alen Holzuewen ass eng Méiglechkeet, d’Heizung iwwert de Wanter méi kleng ze halen oder souguer komplett auszeloossen. Deemno wou de Kamäin steet, verbreet sech d’Hëtzt nämlech duerch dat ganzt Haus. An, dass d’Leit versichen, op d’Hëtze mat Gas oder Masutt ze verzichten, dat mierkt een, sou de Martin Antony, Besëtzer vun enger Entreprise fir Kamäinbau. Bei hinnen huet d’Nofro no neien Holziewe sech am Verglach zu de leschte Jore verduebelt. Egal op am Neibau oder bei Renovatiounen a méi alen Haiser, d’Leit sichen no Alternativen zu Masutt a Gas.

Ma mat Holz hëtzt een net nëmme méi natierlech, mä et ass och méi bëlleg. Wann een de ganze Wanter iwwer mam Holzuewen hëtzt bleiwen d’Käschten aktuell nach ënnert 1.000 Euro. Dat kann ee vum Gas a Masutt net behaapten, sou de Martin Antony. “Dës weideren ass Holz regional a mir hunn es ëmmer nach vill direkt hei an der Géigend. Do gëtt et net esou grouss Liwwerproblemer, wann ee lokal akeeft.”

De Firmin NDOUNAND a seng Famill sinn am Gaang hiert Haus ze renovéieren. Si hëtzen eigentlech mat Masutt. Op der Sich no méi ëmweltfrëndlechen a bëllegen Alternativen hu si sech elo am Kader vun hire Renovatioune fir en Holzuewen entscheet. “Holz ass einfach méi natierlech. Mir versichen elo sou gutt et geet vum Masutt ewechzekommen.”, erkläert de Firmin NDOUNAND.

E wuessenden Interessi un Alternative ginn et net nëmme beim Réimaterial Holz, mä och bei de Pellets. Dat kléngt gepressten Holz gëtt zemools am Neibau gären als alternativ Hëtz-Méiglechkeet genotzt. Zu Lëtzebuerg gëtt et nëmmen ee Pellets-Produzent. Zënter 2014 huet sech d’Nofro an d’Produktioun quasi verduebelt. Déi lescht Joren ass d’Quantitéit, déi ee produzéiert, duergaangen, fir ganz Lëtzebuerg ze beliwweren an nach an d’Ausland ze verkafen. Elo ass d’Nofro zu Lëtzebuerg esou grouss, dass just nach wéineg fir d’Ausland iwwreg bleift. De Lëtzebuerger Pellets-Produzent geet dovun aus, dass si vum nächste Joer un alles zu Lëtzebuerg verkafen an net méi exportéiere kënnen. Dobäi leeft d’Fabrick scho 7 Deeg op 7 an dat 365 Deeg am Joer.

Dës weidere kann ee Pellets net onbegrenzt produzéieren. Dës entstinn nämlech aus Holziwwerreschter aus de Bësch oder Seeëreien. Speziell fir d’Produktioun ginn nämlech keng gesond Beem gehaen. Si keng Iwwerreschter do, kënne keng Pellets produzéiert ginn. Dowéinst bleift de Lëtzebuerger Produzent bei senge 75.000 Tonnen d’Joer.

Déi grouss Nofro wéisst sech awer och an de Präisentwécklungen. Sou huet sech de Präis vun enger Tonn Pellets a nëmmen engem Joer verduebelt vu ronn 200 Euro pro Tonn op knapp 400 Euro pro Tonn.

Pallets a Kamäiner / Reportage Charel Thillen

Back to Top
CIM LOGO